search

/ Testwoch vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten: Mat dobäi an engem Test-Zenter

Gesondheet

|
reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Testwoch vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten: Mat dobäi an engem Test-Zenter

Am Kader vun der Europäescher Testwoch kann ee sech zu Lëtzebuerg bis de 25te Mee op verschidde Plazen op den HIV-Virus oder op aner Zorten Infizéierunge wéi Hepatitis, Gonorrhoe oder Syphilis teste loossen. Mee wéi gesäit et a sou engem Test-Zenter iwwerhaapt aus? A wéi lafen déi Tester of?

reading time

3 min

headphones

4 min

play_arrow
© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Zwee Mol am Joer fënnt d'Testwoch statt, déi virun allem soll Leit sensibiliséieren an opmierksam op d'Méiglechkeete vum Teste maache soll. Eng vun deene Plazen wou een sech teste loosse kann, ass d’HIV-Berodung vun der Croix-Rouge. 

Den Accueil vun der HIV-Berodung gläicht éischter engem Büro, wéi engem medezineschen Test-Zenter. Dräi Persoune stinn zur Verfügung fir een ze empfänken. Fir d’Ekipp gëllt et ze sensibiliséieren, a virun Allem ee Message ënnert d’Leit ze bréngen: Sech teste loosse fir am Fall vun enger Ustiechung séier kënnen traitéiert ze ginn an aner Leit ze schützen, präziséiert de Romain Spitaleri vun der HIV-Berodung vun der Croix Rouge.

"Première Raison c’est de briser la chaîne de transmission. C’est à dire que dès que l’on connaît son statut on peut arrêter de transmettre le virus ou une bactérie. Et on peut se protéger soi-même en connaissant son statut et dès lors pouvoir commencer un traitement."

Viséiert ginn eng Rei u Krankheeten, déi entweder sexuell iwwerdrobar sinn oder déi eng Sprëtz kënnen infizéiert ginn. 

Zwou Méiglechkeete fir sech testen ze loossen

Wärend der Testwoch geet et drëms déi Leit ze erreechen déi et am meeschte brauchen. Dofir ginn et op ville verschiddene Plazen Testzenter, wéi an der HIV-Berodung, mee och am "Drop-in", dem Zenter fir Persounen déi als Sex-Aarbechter schaffen. 

Teste kann ee sech op zwou Manéieren. Iwwert eng Bluttanalys oder iwwert Schnelltester, erkläert d’Mathilde Faes vun der HIV-Berodung.

"Quand on dit test rapide cela veut dire qu‘on va avoir le résultat tout de suite. Donc on fait le test. On pique la personne dans le doigt pour en retirer quelques gouttes de sang. et on discute avec la personne. Après 10 à 15 minutes on va déjà avoir le résultat. Il faut savoir que pour les test rapides il faut avoir un délai de trois mois après la relation à risque. Et si on fait un test en laboratoire il faut attendre seulement 6 semaines." 

D'Leit schätzen d'Anonymitéit

Wärend dem Gespréich am Zenter vun der Croix-Rouge koumen zwou Persounen era fir sech testen ze loossen. Een Här hätt kënne bei seng Doktesch goen, mee hien huet d’Offer vun der Testing Woch genotzt.

"Parce que vous n‘avez pas envie d‘étaler votre vie privée à votre médecin. Bon vous la voyez pour pas mal de choses. Elle n‘a pas besoin de tout savoir non plus. Il faut garder un peu d‘intimité quand même."

Diskretioun ass fir deen Här garantéiert. Et kann een nämlech wuel beim Test oder de Bluttanalysen anonym bleiwen. D’Zil vun der Testwoch ass et de Leit all Hemmungen ewech ze huele fir ze wësse wou se gesondheetlech dru sinn.

50 Prozent vun den HIV-Fäll ginn eréischt spéit entdeckt

Weider wier et awer och wichteg séier ze handelen am Fall wou ee sech ugestach hätt. An der EU ginn d’Hallschent vun de Fäll vun HIV eréischt spéit detektéiert, wann d’Krankheet schonn ausgebrach ass. Bei Aids ginn et mëttlerweil performant Medikamenter déi d’Charge virale extreem erofsetzen.

Nieft den Tester kréien d’Leit och déi néideg Informatiounen iwwert déi nei Medikamenter déi ee präventiv kann huelen éier ee sexuell Relatiounen huet. Wëssend, datt déi Zort Medikamenter awer just gutt si fir Aids awer net fir aner sexuell transmissibel Krankheeten ewéi Syphilis oder Gonorrhoe, déi bannent de leschte Joren zougeholl hunn.     

play_arrow Lauschteren