D’Signatairë kritiséieren de Verwaltungsrot a reagéieren op eng rezent Ausso vum CGDIS an engem Pressecommuniqué. An deem hat de CGDIS matgedeelt, datt de Vott iwwer déi ëmstridden eventuell Ännerunge vun der SAMU-Besatzung géif verréckelt ginn, ënner anerem wéinst engem Avis juridique vun den Anesthesisten (CMARL). Dee wier eréischt kuerz virun der Sëtzung vum Verwaltungsrot erakoum.
Warnunge vun enger Ouverture géifen ignoréiert ginn
Néng Memberen aus dem Aarbechtsgrupp, deen de CGDIS ufanks dës Joers gegrënnt huet fir een neie Referentiel auszeschaffen, hunn de Bréif ënnerschriwwen.
Am Bréif wiere sech déi sougenannt Chefs de base géint de Virworf vun der Verzögerung. Et hätt een ëmmer nees op déi rechtlech Konsequenze vun enger Ouverture vum SAMU fir Urgentisen higewisen. De CGDIS hätt déi Warnunge systematesch ignoréiert. De President vum Verwaltungsrot géif onnéideg ageschränkte Friste setzen, esou d’Anesthesisten an hirem Bréif un de Verwaltungsrot.
Si stellen deemno d’Beweeggrënn vun der proposéierter Ännerung vun de Richtlinnen a Fro.
Gefrote Verbesserunge wieren net gehéiert ginn
Iwwerdeems géif déi aktuell Versioun vum Referentiel net d’Meenung vun der Majoritéit aus dem Aarbechtsgrupp erëm ginn. Dobäi sief erwäänt, datt d’Majoritéit aus Dokter- an Infirmier Anesthesiste besteet.
Weider heescht et am Bréif, datt een zënter iwwer engem Joer no enger Verbesserung vun der Asazkleedung vun der SAMU-Besatzung géif froen, wat bis ewell ouni Äntwert bliwwe wier.
Bei der Diskussioun geet et drëm, ob an Zukunft och Dokteren an Infirmieren ouni Spezialisatioun an der Anesthesie a Reanimatioun de SAMU solle besetze kënnen. Dovu betraff wieren virun allem Urgentisten. Déi plädéieren fir des Ännerungen an argumentéieren, datt si déi nämlecht Kompetenzen hätten.
D’Anesthesiste wiere sech awer géint esou eng Ännerung, mam Argument datt een déi héchsten Noutfallversuergung elo hätt an et kee Grond géif ginn, fir dës ze änneren.