De Gros vun de Leefer:inne si keng Profi-Sportler:innen, mee Amateuren, déi nieft der Schaff oder der Schoul de Marathon, respektiv de Semi, packe wëllen.
Ass Lafe zu engem kommerzialiséierten Hype ginn?
Den Dokter Dominik Doerr, Sportsdokter an ee vun den Direktere beim Secours médicaux vum CGDIS, denkt jo. Grad am Amateur-Sport wieren divers Trends, déi iwwer Social Media verbreet ginn och geféierlech.
"Dat ass ganz kloer de Fall, datt do een décke Problem ass."
Am Kraaft- oder am Ausdauersport géifen et Etüde ginn, déi weisen, datt de Mëssbrauch vu Medikamenter viru Coursen héich ass.
"Well an der Preparatioun Problemer kommen, well iergendwelch Schmerzen optrieden. Anti-inflammatoiren zum Beispill ginn heinsdo massiv genotzt an ageholl virun der Cours. Well d'Startgeld ass bezuelt."
Mat Medikamenter Péng ënnerdrécken, kéint dacks schifgoen, esou den Dr. Dominik Doerr.
Nieft der Motivatioun fir mam Lafen unzefänken, erhéijen déi sozial Medien wéi et schéngt den Drock, fir Leeschtung ze erbréngen.
Liewensgefor duerch ze wéineg Preparatioun
Zejoert hat den Dr. Doerr a seng Ekipp beim CGDIS, déi Leefer:inne wärend der Cours laanscht d'Strooss betreien, däitlech méi ze dinn. Iwwer 140 Patient:innen wiere bei hinnen traitéiert ginn, fënnef dovu wieren a Liewensgefor gewiescht.
Weider eelef wieren an engem kritteschen Zoustand gewiescht. Dat géif dacks awer och vun de meteorologesche Bedingungen ofhänken, esou den Dr. Doerr.
"D'lescht Joer war et relativ schmeier. Do war virdrun een Donnerwieder erof gaangen an huet d'Loftfiichtegkeet an d'Luucht gedréckt."
Vill Leit, virun allem Semi-Marathon-Leefer:innen, wieren och einfach net gutt preparéiert gewiescht.
"De Veranstalter huet eis scho virgewarnt. Hie leeft jo ëmmer virdru schonn zu Paräis de Marathon oder Semi-Marathon. Datt och do scho ganz vill nei Leit, déi also nach ni iergendwéi eng Course gelaf sinn, dann direkt op de Semi gaang sinn. An dat geet ouni Preparatioun einfach net."
Beim Marathon géifen d'Leit manner muttwëlleg un de Start goe wéi beim Semi. Op der 42 Kilomeeter laanger Streck hätt de CGDIS däitlech manner Patient:innen ze versuerge gehat.
Sport maachen: onbedéngt, awer mat Sënn a Verstand
Datt Lafe bei Jonken ëmmer méi beléift gëtt, weisen och d'Statistiken. Zënter de Covid-Jore wier d'Zuel vun de Participanten am Alter tëschent 20 an 30 Joer ëm iwwer 40 Prozent geklommen, heescht et vun den Organisateuren.
Een Trend, deen den Dr. Doerr duerchaus positiv bewäert.
"Leit, ëmgotteswëllen, maacht Sport. Mir si ganz frou, well Sport ass eppes ganz wichteges, och fir den ëffentleche Gesondheetssecteur. Well einfach de Gesondheetssystem manner belaascht gëtt duerch vermeidbar Krankheeten. Awer wannechglift: mann Sënn a mat Verstand."
Och den Erich François, Chef-Organisateur vum Marathon, fënnt et gutt, datt ëmmer méi Leit mam Lafsport ufänken. Genee wéi den Dr. Dominik Doerr géif och hie feststellen, datt et Leit ginn, déi beim Lafen iwwerdreiwen an un hir kierperlech Limitte kommen, seet den Erich François am 100,7-Interview. Hie war eisen Invité vum Dag.
D'Preparatioun vum Marathon ass elementar
Hien huet d'Leeferinnen op en Neits dozou opgeruff, op hir Gesondheet opzepassen.
Donieft ginn et awer nach eng ganz Rei aner Defie mat deene sech den Erich François a seng Ekipp am Virfeld vum ING Marathon musse beschäftegen. An obschonns ee probéiert sech op all Eventualitéiten ze preparéieren, kéint ëmmer eppes schif goen.
"Der Marathon ist wie ein kleines Uhrwerk und wenn ein einzelnes Zahnrad irgendwo klemmt, dann kann das verheerende Folgen haben."
Den Erich François géif awer mengen, datt och bei dëser Editioun alles gutt misst oflafen. Obschonns et elo schonn 20 Joer hir ass, datt déi éischt Editioun zu Lëtzebuerg gelaf gouf, wier d’Opreegung beim Chef-Organisateur nach ëmmer déi selwecht.
"Ich sitze halt immer wieder da und denke, mein Gott, mein Gott, kriegen wir das alles hin?"
Op déi 20 Joer zeréckgekuckt, hätt sech um Marathon vill geännert, mengt den Erich François. Virop natierlech d’Zuel vun de Participanten déi vu 6.000 am Joer 2006 op 18.000 dëst Joer geklommen ass. Domat wier d’Limitt awer nach net erreecht.
Fir d'Sécherheet: Net ze séier wuessen
An zwee Joer sollen 20.000 Leit un den Depart goen. Zu Lëtzebuerg géif een awer ënner spezielle Konditioune schaffen.
"Die Sicherheit geht vor und wir haben keine breiten Straßen wie in Berlin oder wie in Paris, wo man sich unheimlich ausdehnen kann. Wir finishen in einer Halle, was natürlich was ganz Besonderes ist, was aber für die Organisation sehr viel bedeutet, weil man einfach die Menschenmassen koordinieren muss."
Et wier dofir wichteg, Schrëtt fir Schrëtt ze wuessen an net vun engem Joer op dat anert vill méi Leefer:innen un den Depart ze loossen, erkläert den Erich François.
Wat de Marathon zu Lëtzebuerg aus mécht
Datt de Marathon zu Lëtzebuerg esou vill Leit op an och nieft der Streck unzitt, wier ee vun de groussen Atoute vum Nuetsmarathon. Ganz vun eleng géif dat awer net goen.
Zesumme mat senger Ekipp géif den Erich François op 25 anere Marathone pro Joer Publicitéit fir d’Evenement maachen.
"Ich meine, wir haben jetzt 18 .000 Läufer in einer Stadt von 137.000 Einwohnern. Wenn man das vergleicht mit Berlin, dann müsste in Berlin eine halbe Million Leute am Marathon teilnehmen."
D’Stëmmung, déi laanscht de Circuit ze spiere wier, wier och eenzegaarteg, seet den Erich François. Lëtzebuerg wier zwar keng séier Marathonstreck, ma dofir eng immens flott. Fir déi gutt Stëmmung suergen nieft de ville Spectateuren och déi 670 Musiker:innen.
"Das ist halt das, was den Marathon in Luxemburg ausmacht, dieses Feiern, dieses Bunte, diese Lebensfreude. Das ist halt das, was auch in die Welt getragen wird."
Dat wier awer och nëmme méiglech well et en Nuetsmarathon ass, esou den Erich François. Wann de Marathon wéi an anere Stied scho Moies um 08:00 Auer géif lass goen, wier d’Ambiance natierlech net esou gutt.
Mini-Marathon a 70 Meter Héicht
Honnertprozenteg zefridde wierkt den Erich François awer net mat der Organisatioun. Hien hätt d’Gefill ëmmer méi Steng an de Wee geluecht ze kréie bei der Organisatioun vum Nuetsmarathon. D’Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg wier gutt, mee dat wier awer net iwwerall esou.
An der Luxexpo hätt ee speziell Sécherheetsoploe kritt an och bei der Autorisatioun fir mat Dronen ze fléien, géif et Probleemer ginn.
"Die Drohnen sind angemeldet und es ist normal für eine Videolive-Übertragung. Und selbst da warten wir immer noch auf Genehmigungen."
Den Erich François géif hoffen, datt d’Autorisatiounen nach bis den Depart vum Marathon kommen.
Een Highlight, deen eng Zäit laang op der Kipp stoung, kéint dofir elo awer stattfannen: Den Archie Williams wäert e Mini-Marathon op enger Slackline tëschent den Tierm vun der Place de l’Europe lafen.
"Es wird tatsächlich so kommen, dass er dann da oben versucht, auf der Slackline zwischen den beiden Hochhäusern in über 70 Metern Höhe einen Minimarathon zu laufen, also 4,2 Kilometer."
Dës Performance kéint eng super Werbung fir Lëtzebuerg ginn, mengt den Erich François, dee sech erwaart, datt déi spektakulär Biller ronderëm d’Welt gesi ginn.