Den Thomas Dentzer, deen och ausgebilte Virolog ass, huet erkläert, datt den Hantavirus usech näicht Neies wier.
"Dee kenne mer jo och scho laang an deen hu mer och zu Lëtzebuerg gehat iwwer déi lescht 10, 15, 20 Joer. Mir sinn ëmmer erëm Fäll hei gewiescht, besonnesch, am Mëllerdall, Ettelbréck, Miersch, déi Géigend."
Déi Variant vum Virus géif sech awer net vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroen. Anescht wier dat beim Anden-Hanta-Virus, also der Variant déi lo um Croisièresschëff ausgebrach war.
Obschonns de Virus tëschent de Mënsche kann iwwerdroe ginn, wier et awer net de selwechte Fall wéi beim Covid.
"E geet net esou schnell weider, well ee muss schonn enke Kontakt hunn an Spautkontakt hunn oder wann der ee kusst, da kann et weidergoen."
Dat wier souzesoen e Virdeel vun dësem Virus. Hie geet dofir och net dovun aus, datt d’Infektiounszuelen explodéieren an et zu engem Lockdown kéint kommen, wéi dat wärend der Covid-Pandemie de Fall war. D’Inkubatiounszäit vum Virus wier beim Hanta Virus allerdéngs e gutt Stéck méi laang. Dofir mussen infizéiert Leit iwwer 40 Deeg a Quarantän.
De wierkleche Problem vum Virus wier dogéint en aneren, seet den Thomas Dentzer.
"Deen eenzege Punkt, firwat et eebe méi dramatesch ass elo ass, datt de Virus ka bis zu 50 Prozent Mortalitéit kréien. Dat heescht bal d'Hallschent vun de Leit kéinte stierwen, déi infizéiert sinn."
D’Zil vun de Gesondheetsautoritéite misst et lo si fir d’Infektiounsketten ze ënnerbriechen an esou eng weider Verbreedung vum Virus ze verhënneren.
LNS ass virbereet fir den Eeschtfall
Den Ausbroch vum Hanta-Virus géif och beim Laboratoire national de santé verschidde Prozeduren ausléisen, esou den neien Direkter. Experten a Virologe géifen direkt préiwe wéi ee Virus et ass a wéi ee misst virbereet sinn.
De Fall gesat, datt e Lëtzebuerger Passagéier um Croisièresschëff gewiescht wier, misst den LNS kënnen Tester maachen an der Persoun en Dokter zur Säit stellen, erkläert den Thomas Dentzer.
"Mir hunn direkt gekuckt, wéi kënne mer déi Analyse maachen, serologesch a PCR-Tester an de Sequençage dovunner, fir ze wësse wéi eng Variant dat ass."
Den LNS wier lo scho prett fir all Dag 50 Leit ze sequenzéieren, am Fall wou dat néideg wier.
"Mee mir ginn awer elo dovun aus: Prepare for the worst and hope for the best."
Am 100,7-Interview ass den Thomas Dentzer och op déi net ëmmer einfach Situatioun beim LNS an de leschte Joren agaangen. Hien hat am Februar dëst Joer interimsweis de Poste vum Direkter iwwerholl nodeems säi Virgänger manner wéi ee Joer am Amt war.
Datt de Choix op hie selwer gefall ass, erkläert den Thomas Dentzer sech doduerch, datt hien den LNS kennt a versteet. An hien huet och schonn eng Iddi woumat et soll lass goen.
"Fir d'Visioun an d'Strategie eranzebréngen, wou wëlle mer dann iwwerhaapt higoen. Ech mengen, wann een ee Grupp vu Leit huet, muss een deen zesumme bréngen. An do musse mer een Zil fannen, wou mer zesummen higinn."
Kritik u laangen Delaie bei Analysen
Nieft der Gerance waren och déi laang Delaie bei pathologeschen Analyse vum LNS ee Kritikpunkt, deen a leschter Zäit ëmmer nees opkomm war. Zu Recht gëtt den Thomas Dentzer zou.
Allgemeng géif den LNS awer ganz gutt schaffen an sech dacks un d’Delaien halen erkläert hien. Ma et wier een net op d’Hausse vun den Ufroe preparéiert gewiescht.
De Prozess bei enger Pathologiesanalys wier och däitlech méi komplex wéi bei enger einfacher Bluttanalys déi een an de private Laboratoirë kéint maachen. Den LNS géif sech lo awer upasse fir méi Analyse pro Dag kënnen ze maachen.
D’Pathologie ass nieft der Genetik ee vun zwee Beräicher an deenen den LNS zu Lëtzebuerg e Monopol huet. Den Thomas Dentzer wier sech bewosst dass déi Monopolstellung och kéint verluer goen.
"Natierlech, wann een et net gutt mécht, da gëtt den Drock méi héich, fir ze soen, da kënnen och aner Leit dat maachen a besser maachen."
Den LNS géif sech dofir och op de Fall virbereede wou dee Monopol kéint verluer goen. Gläichzäiteg wéilt den LNS sech och méi allgemeng eng nei Strategie ginn an sech nei opstelle fir ze kucken op wéi eng Beräicher ee sech spezialiséiert. Eng ganz Rei Analyse géif den LNS och schonn net méi maachen.
Fir den Thomas Dentzer wéilt net onbedéngt mat de privaten Acteuren a Konkurrenz trieden. Vill méi géif et drëm goe verschidden Tester an Analysen zu Lëtzebuerg ze halen, déi och am Krisefall noutwenneg sinn. Donieft wéilt een och fort vun der renger Produktioun vun Daten, hin zu méi ausgeschaffte Rapporten. Ouni datt den LNS dobäi d’Roll vum Dokter wéilt iwwerhuelen.
"Mee mir musse kucken, datt mer déi neisten Technologie benotzen, fir dem Dokter déi beschte Méiglechkeeten ze ginn, fir besser ze gesinn, wéi et ass. Dat fänkt zum Beispill bei Tumeuren un, datt mer eng besser Charakterisatioun vun engem Tumor hunn, dat hëlleft dem Dokter déi beschten Therapie erauszesichen."
Ënner anerem duerch d’Kënschtlech Intelligenz hätt een elo nach méi Méiglechkeete fir Donnéeën ze analyséieren, esou den neien LNS-Direkter Thomas Dentzer. An als nationale Laboratoire wier et wichteg, dass een ëmmer um neiste Stand vun de medezineschen Entwécklunge bleift.