Radioen

On air

Kultur um 5  |  In The Atlas - Lucy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Terroristesch Menace zu Lëtzebuerg gëtt net eropgesat

Haut-Commissariat à la protection nationale

Terroristesch Menace zu Lëtzebuerg gëtt net eropgesat

Déi terroristesch Menace zu Lëtzebuerg gëtt net eropgesat a bleift um Niveau 2 vu véier, dat huet den Haut-Commissariat à la protection nationale matgedeelt. Nom Attentat zu Moskau koum de Koordinatiounsgrupp fir d‘Lutte géint den Terrorismus gëschter op Demande vum Premier Luc Frieden zesummen.

auto_stories

1 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel

Et géif den Ament keng Hiweiser op eng warscheinlech a konkret terroristesch Gefor zu Lëtzebuerg, d‘Situatioun géif awer weider evaluéiert ginn, esou den Haut-Commissariat à la protection nationale.

A Frankräich gouf déi terroristesch Menace op den héchsten Niveau "Urgence Attentat“ eropgesat - de Premier Gabriel Attal hat erkläert, datt d‘Branche vum Islamesche Staat, déi d‘Attentat zu Moskau revendiquéiert huet, och schonn a Frankräich Attentater geplangt hat.

Den Inneminister Gerald Darmanin gouf gëschter Owend am Journal op France 2 weider Detailer dozou. Hie sot, datt zanter 2020 14 Attentater a Frankräich verhënnert gi wieren. An déi lescht aacht dovu wiere vum Islamesche Stat geplangt gewiescht.