Déi 27 EU-Staate wiere sech eens gewiescht, fir d‘Sanktiounen, déi zënter der russescher Invasioun an der Ukrain agefouert goufen, weiderlafen ze loossen, huet d‘EU-Diplomatie-Cheffin Kaja Kallas matgedeelt. Si begréisst, datt Ungarn säi Veto fale gelooss huet.
Diskutéiert gëtt och driwwer fir eventuell d‘Sanktioune géint Syrie méi labber ze maachen. Dat nodeems de fréiere syresche President Baschar al-Assad am Dezember zejoert gestierzt gi war.