De Jos Nickts hat als President vun der Bréifdréieschgewerkschaft FSFL Suen aus engem Fong, an deem Bréifdréier abezuelt haten, verontreit, a war dofir zu enger Prisongsstrof verurteelt ginn. D’Urteel géint RTL gesäit de Presserot als Agrëff an d'Pressefräiheet. Et kéint een et net esou hin huelen, esou de Roger Infalt, Generalsekretär vum Presserot:
"Ech mengen, déi Affär Nickts ass nun eeben emol ënner där Bezeechnung bekannt. Wann elo d'Geriicht seet, datt si elo vun enger Affär vum Bréifdréierverband schwätzen, dann ass dat falsch, well et war net de Bréifdréierverband, dee verurteelt ginn ass, mee et war den Här Nickts, a ganz eleng den Här Nickts, deen an där doter Affär verurteelt ginn ass."
"Bei där Affär Nickts ass et deemools ëm eng Zomm vu 560 Millioune Frang gaangen. Haut ëm déi 14 Milliounen Euro. De Jos Dicks gouf 2007 schëlleg gesprach a krut eng Strof vu 6 Joer Prison, zwee dovun op Sursis. Ëm déi 500 Leit waren em hiert d’ Geld bruecht ginn. De Presserot wäert RTL an dëser Situatioun komplett ënnerstëtzen, sou nach de Roger Infalt.