arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Technesch Ëmstellung bei ADEM: Iwwer 240 Mënsche waarden op Chômage

National

|
reading time

1 min

Technesch Ëmstellung bei ADEM: Iwwer 240 Mënsche waarden op Chômage

No der gréisserer technescher Ëmstellung bei der ADEM Enn d‘lescht Joer waarden den Ament nach iwwer 240 Leit op hir Chômage Indemnitéiten. Dat geet aus der Äntwert vum CSV-Aarbechtsminister op eng parlamentaresch Fro zum Theema vun déi gréng ervir. 

reading time

1 min

ADEM Hamm | © adem.lu/Thierry Frisch
ADEM Hamm (Foto: adem.lu/Thierry Frisch)

De retard bei ronn 100 vun hinne kéim doduerch, datt si nach Dokumenter missten erareechen. Generell hätt sech d‘Situatioun vun de Verspéidungen zanter der Ëmstellung awer stabiliséiert, esou de Minister Marc Spautz.

Wéinst engem technesche Problem mat de Steierkaarten hätten dann eng 125 Persounen zwar hir Indemnitéite fir dëst Joer komplett bezuelt kritt, awer nach net fir d‘lescht Joer. Dat géif awer demnächst geregelt ginn, heescht et.