arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mindestlounerhéijung: Gewerkschaftsunioun schéckt Bréif un d'Ministère

Aarbecht

|
reading time

1 min

Mindestlounerhéijung: Gewerkschaftsunioun schéckt Bréif un d'Ministère

Am Virfeld vum Ministerrot vun haut huet d‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB e Bréif un d‘Ministere geschéckt, zum Thema Mindestloun. Dëst Schreiwes läit eis vir.

reading time

1 min

Patrick Dury a Nora Back | © Serge Kesseler
Patrick Dury a Nora Back (Foto: Serge Kesseler)

Si appelléieren hei nach eng Kéier un d‘Regierung fir hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen. D‘Erhéijung vum Mindestloun wier keen techneschen Exercice, wou ee just iwwer Indicateure kéint schwätzen, mee et géif hei ëm Zéngdausende Salariée goen, déi an engem vun de räichste Länner vun Europa mam Mindestloun net an Dignitéit kéinte liewen, esou d’Gewerkschaften.

De Conseil de Gouvernement vun haut wier an deem Sënn eng wichteg Etapp. D‘Gewerkschafte fuerdere jo eng strukturell Hausse vum Mindestloun vun 11 Prozent. D’Patronat wiert sech do dergéint. D‘Regierung hat dës Woch e puer mol ënnerstrach, datt bis elo nach keng Decisioun gefall wier.