arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit ëm d'Mindeslounerhéjiung: Oppositioun stellt sech op Gewerkschaftssäit

Aarbecht

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Sträit ëm d'Mindeslounerhéjiung: Oppositioun stellt sech op Gewerkschaftssäit

Et wier nach näischt decidéiert wat d’Erhéijung vum Mindestloun ugeet. Dat huet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz no der zoustänneger Kommissioun an der Chamber widderholl. D’Oppositioun stellt sech op d’Säit vun de Gewerkschaften a schwätzt vun engem klore Message géint déi schaffend Leit.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Et hätt ee Sue fir alles zu Lëtzebuerg, ma net fir déi mat dem nidderegsten Akommes, esou den LSAP-Deputéierte Georges Engel. Bis Enn dës Jores soll de Mindestloun op 60 Prozent vum Median-Salaire ugehuewe ginn. Dat gesäit eng EU-Direktiv vir. No engem Gespréich tëschent de Gewerkschaften an de Regierungsvertrieder waren et Divergenze bei de Berechnunge ginn. 

D‘Gewerkschafte fuerderen eng Erhéijung vum Mindestloun vu ronn 300 Euro de Mount. Dat wier eng Hausse vu ronn 11 Prozent.

D‘Regierung kënnt, no hirer Berechnung, op ee méi déiwe Stand: De Mindestloun léich elo scho bal bei 60 Prozent vum Median-Loun.

Georges Engel: Alles fir de Mindestloun net mussen ze hiewen

No der zoustänneger Chamberkommissioun hunn d‘Aussoe vun den Deputéiert keng kloer Indikatioun ginn, wéi vill de Mindestloun elo soll erop goen. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel schwätzt vu 34 Euro.

"An elo komme si mat enger Berechnung, déi erëm eng Kéier nach eng Kéier méi wäit erofgeet, fir datt de soziale Mindestloun no dëse Berechnungen da 34 Euro misst ugepasst ginn."

D'Regierung géif a sengen Aen alles dofir maachen, fir de Mindestloun net mussen ze hiewen.

Fir Kaitz-Index misst d'Gesetz ugepasst ginn

D'Carole Hartmann vun der Regierungspartei DP seet, et géif ee mat den aktuelle Berechnung un déi 60 Prozent erukommen. De sougenannten Indicateur Kaitz.

De Marc Baum vun déi Lénk an d’Djuna Bernard vun déi gréng waren der Opfaassung, datt een eigentlech guer näischt Neies gewuer gi wier. D’Regierung géif just beim Status quo bleiwen, esou d’Djuna Bernard.

"Also der bi-annueller Upassung vum Mindestloun un d'Lounentwécklung. Bon, et ass vläicht dach positiv, datt mir do kee Schrëtt zeréck maachen."

Den Aarbechtsminister Marc Spautz seet, d’Iwwerleeung wier fir iwwer de Kaitz-Index - eng Berechnungsmethod vum Eurostat - 60 Prozent vum Median-Loun ze areechen. Heifir misst awer d’Gesetz ugepasst ginn.

"An da musse mir gläichzäiteg kucken, datt den Artikel 222 vum Code du Travail, dat ass deen, wou reegelméisseg festgeluecht gëtt, wéi d'Lounentwécklung ass. An op engem bestëmmten Datum, an där Period, gëtt och ëmmer gekuckt, ob d'Median hei zu Lëtzebuerg mat 60 Prozent erfëllt ass."

Keng Bonussen am Kaitz-Index aberechent

An der Berechnung vun der Regierung si Gratifikatiounen, Primmen oder och den 13. Mount net an der Berechnung vum Median mat abegraff. Mat der Begrënnung, de Mindestloun wier e Salaire de base, wéi et nach am Communiqué vun Aarbechtsministère heescht. 

D’Patronat hat sech viru gutt enger Woch iwwerdeems fir eng Ofschafung vum qualifizéierte Mindestloun ausgeschwat. Op d’Fro, ob een déi zwee Enner an dëser Diskussioun nach ka beienee kréien, sot den Aarbechtsminister Marc Spautz am 100,7-Interview, eng Ofschafung vum qualifizéierte Mindestloun wier ausgeschloss.  

 

play_arrow Lauschteren