D‘Tageblatt zitéiert d‘Source an Dokumenter an deenen et heescht, d‘Personal géif wärend der Aarbecht Netflix kucken. Strofdoten déi vun den Iwwerwaachunsgkamerae gefilmt goufen, sinn net gesinn an net gemell ginn, sou d‘Tageblatt. Mataarbechter déi Drogendeals observéiert hunn sollen dervunner ofgehale gi sinn, dës ze mellen. Am betraffenen Departement selwer solle sech awer och Mataarbechter iwwer Mëssstänn beklot hunn.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Tageblatt: Mëssstänn bei den CFL
Eisebunn
Tageblatt: Mëssstänn bei den CFL
Iwwer Mëssstänn bei den CFL schreift haut d‘Tageblatt. An der Zentral fir Videoiwwerwaachung solle verschidde Mataarbechter et deemno mat der Disziplin net esou genee huelen.
auto_stories
1 min
(Foto: Rob Dammers)