Den 29 Joer ale Stiermer trëfft do op ee weidere Lëtzebuerger, den Eric Veiga.
De Gerson Rodrigues war fir d’lescht vu sengem Stammklub Dynamo Kiew an déi zweet chineesesch Liga ausgeléint ginn. Et ass dem Rodrigues seng 12. Statioun bei engem Profisklub.
AVS Futebol steet aktuell op der 15. vun 18 Plazen a kämpft domadder géint den Ofstieg. Am Kader stinn ënner anerem de Lucas Piazón, dee scho fir Chelsea a Frankfurt gespillt huet, an de mexikaneschen Nationalgolkipp Guillermo Ochoa.