Radioen

On air

Notturno  |  Zapp - Computer Love

play_arrow Live
search

/ Syrien: Och Lëtzebuerg setzt seng Entscheedungen zu den Asylprozeduren temporär aus

No de rezenten Entwécklungen

Syrien: Och Lëtzebuerg setzt seng Entscheedungen zu den Asylprozeduren temporär aus

Wéinst der neier Situatioun a Syrie setzt och Lëtzebuerg fir de Moment seng Entscheedungen an den Asylprozedure fir Mënschen aus dem Biergerkrichsland aus. Dat huet d’Generaldirektioun Immigratioun vum Inneministère um Dënschdegmoie matdeelt. Lëtzebuerg huet also déi selwecht Decisioun geholl, wéi aner EU-Memberstaaten.

auto_stories

1 min

© MAINT
Foto: MAINT

Dës Suspensioun wier temporär, fir d’Zäit vun der Analys vun der neier Situatioun a Syrien, dat a Concertatioun mat anere Staate fir eng harmoniséiert Approche ze erreechen.

Wärend der Suspensioun géifen d’Asyldemandeure virun a Foyeren ënnerbruecht bleiwen, an et géif och soss keng Verschlechterunge fir si ginn, versprécht de Lëtzebuerger Inneministère.

Och wann den Traitement ausgesat ass, kéinte virun nei Asyldemande vu Leit aus Syrien agereecht ginn.

D’Suspensiounsmesure géif net fir d’Dublin-Prozedur gëllen, also fir déi Leit, déi schonn Asyl an engem anere Staat ugefrot haten.

Bis Enn September haten am Ganzen 175 Leit aus Syrien dëst Joer eng Asyldemande hei zu Lëtzebuerg gemaach.