Wéinst senger Roll beim Stuerm op de Kapitol, hat d‘Justiz aus dem Bundesstaat Colorado decidéiert, datt hien do net kandidéieren dierft. Dat Iewescht Geriicht huet déi Decisioun awer elo gekippt. Den Donald Trump huet op senger eegener online Plattform Truth Social vun enger "grousser Victoire fir Amerika" geschwat.
Muer um sougenannte "Super Tuesday" kënnen d’Wieler a 15 US-Bundesstaaten – dorënner Colorado - doriwwer ofstëmmen, wie fir d’ Republikaner an d’Demokraten an d’Presidentschaftswahle goe soll.