Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Summerschool: Virun der Rentrée d‘Matière opfrëschen a Retarden nohuelen

Educatioun

Summerschool: Virun der Rentrée d‘Matière opfrëschen a Retarden nohuelen

Iwwer 7.000 Schüler:innen hu sech dëst Joer an d’Summerschool ageschriwwen. Dat si bal 800 méi wéi d’lescht Joer, deelt den Educatiounsministère an engem Communiqué mat. D’Kuere fänken de Méinden un an daueren zwou Wochen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Klassesall | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Dem Educatiounsministère no si déi meescht gefrote Kueren Däitsch am Enseignement Fondamental a Mathé am Secondaire.

Fokus op den Haaptfächer

Zesumme mat Léierpersonal, Studenten a Studentinnen a Fräiwëllege kréie Schüler:inne gehollef fir d’Haaptfächer opzefrëschen an eventuell Retarden opzehuelen. Den Educatiounsminister Claude Meisch erkläert, datt ee sech dobäi haaptsächlech op d‘Haaptfächer konzentréiert.

Fir d’éischt däitsch a Mathematik an dann am Cycle 3 kennt och nach Franséisch derbäi. Mir féieren dat da vum Cycle 2 bis Cycle 4.1 weider. Fir déi, déi am Cycle 4.2 waren, an déi dat nächst Joer an de Lycée ginn, do recommandéiere mer awer da vun der Summerschool am Lycée schonn ze profitéieren.“

Iwwert en internen an externen Appell gëtt all Joer Personal aus dem Educatiounsberäich rekrutéiert. Dëst Joer goufe 447 Volontaire mobiliséiert. Jonk Studenten a Studentinne kennen sou hir éischt Erfarungen an de Schoule maachen.

D’Initiative vun der Summerschool gouf ursprénglech matten an der Pandemie 2020 lancéiert. Doduerch datt d’Schoulen temporär zou waren, sinn eenzel Retarden entstanen, déi d’Schüler:innen iwwert des Initiativ erëm opgeholl kréien

Normal datt d'Matière verluer geet

Mëttlerweil ass déi 5. Editioun vun der Summerschool e wichtege Moment virun der Rentrée ginn. Iwwert déi laang Summervakanz wier et normal, datt déi eng oder aner d‘Matière bësse verléieren, betount de Claude Meisch.

„An dofir hu mir och ganz schnell duerno decidéiert, fir dat och no der Pandemie kenne weiderzeféieren. Et ass also eng vun eise Mesuren, fir Schüler, déi villäicht an dem engem oder anere Fach e Retard hunn, fir dee kennen opzeschaffen.“

D’Umeldung fir d’Summerschool ass fräiwëlleg, a gëtt no de lëschte Bilansgespréicher am Fondamental oder soss iwwert en Appell um Enn vum Schouljoer gemaach. Vue datt d’Summerschool am Kader vum staatleche Schoulsystem ass, sinn d’Kuere gratis a wäerten et dem Educatiounsminister no och bleiwen.

Geschriwwe vum Lucie Wahl

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft