Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schüler no Sproochen andeelen: ADR ass géint dem Minister säi Projet

Edukatioun

Schüler no Sproochen andeelen: ADR ass géint dem Minister säi Projet

D'ADR ass géint dem Minister Meisch säi Projet, Kanner an der Schoul no Sproochen anzedeelen. Dat géif zu Parallelgesellschafte féieren, esou d‘Kritik vun der Alternativer Demokratescher Partei.

auto_stories

1 min

Educateur Educatrice Schoul Joffer | © CDC/Unsplash
Foto: CDC/Unsplash

D'ADR wéilt eng staark ëffentlech Schoul, wou Kanner vun allen Nationalitéiten zesummeliewen an integréiert ginn. Dës Trennung hätt negativ Auswierkungen op d’Integratioun an op d'Lëtzebuerger Sprooch.

Dem Educatiounsminister Claude Meisch säi Projet gesäit vir, datt all d'Schüler, déi an d'Éischt Schouljoer kommen, de Choix kréien, ob si op Däitsch oder op Franséisch liesen a schreiwe léieren.