Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Nimoy - Ruby Don't Take Your Love To Town

play_arrow Live
search

/ Südkorea start Spionagë-Satellit

Reaktioun op Nordkorea

Südkorea start Spionagë-Satellit

A Kalifornien an den USA huet Space X gëschter eng Rakéit an de Weltall lancéiert, mat engem éischte südkoreanesche Spionagë-Satellit u Bord.

auto_stories

1 min

Domat wëllt Südkorea d‘Aktivitéite vun Nordkorea iwwerwaachen. An den nächsten zwee Joer wëllt Seoul nach véier weider Satellitten an de Weltall schécken, fir seng Capacitéiten auszebauen. Et ass d‘Äntwert op de Lancement virun zwou Woche vun engem eegene militäreschen Opklärungssatellit duerch Pjöngjang.