Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - I'm Thinking Of A Number (Between 1 And 2)

play_arrow Live
search

/ Südafrika - Iewescht Geriicht decidéiert iwwer Eligibilitéit vum Jacob Zuma

Politesch Onrou

Südafrika - Iewescht Geriicht decidéiert iwwer Eligibilitéit vum Jacob Zuma

A Südafrika huet d‘Walkommissioun elo dat Iewescht Geriicht saiséiert, fir an der Form iwwert d‘Eligibilitéit vum Ex-President Jacob Zuma ze tranchéieren. Zënter Wochen ass déi politesch Tribün a Südafrika dowéinst an Oprou.

auto_stories

1 min

De Zuma huet sech als Spëtzekandidat vun enger klenger radikaler Partei fir d‘Parlamentswalen den 29. Mee opgesat. D‘Walautoritéiten haten seng Kandidatur allerdéngs blockéiert, wéinst enger Prisongsstrof zu där hien 2021 verurteelt gi war an duerch déi hie laut Verfassung vun de Walen ausgeschloss wier. Déi Decisioun war awer dës Woch viru Geriicht gekippt ginn.