Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump gouf vun engem US-Geriicht verurteelt

34 Mol schëlleg

Den Donald Trump gouf vun engem US-Geriicht verurteelt

Den Donald Trump ass am Prozess ëm d’Schweigegeld fir eng fréier Pornoactrice vun engem Jury zu New York schëlleg gesprach ginn. Den Ex-US-President riskéiert elo eng Prisongsstrof oder, méi warscheinlech, eng Geldstrof. Hie seet weiderhin, datt hien onschëlleg ass. En Appell géint d’Urteel soll et ginn. Eise Korrespondent Philip Crowther ass zu New York an huet Detailer geschéckt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Donald Trump | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Et ass déi éischte Kéier, datt e fréieren amerikanesche President wéinst enger Strofdot schëlleg gesprach gëtt. D’Urteel vum Jury zu Manhattan war eestëmmeg. Hien huet Dokumenter gefälscht fir d’Schweigegeld un d’Stormy Daniels ze verstoppen. Si sot si hätten eng sexuell Renconter am Joer 2006 gehat. Déi Geschicht wollt den deemolege Kandidat fir d’Wäisst Haus am Joer 2016 net an der Ëffentlechkeet gesinn. De Jury war sech eens, datt den Trump esou illegal probéiert huet de Walkampf ze beaflossen.

Geschicht gouf am Geriichtssall geschriwwen: Esoubal déi éischt Entscheedunge vum Jury vun 12 Léit public gemaach goufen huet ee Leit am Park virum Geriichtsgebai gesinn, wéi si gefeiert a sech ëmaarmt hunn. Aus engem aneren, ofgegrenzten Deel vum Park, sinn dem Donald Trump seng Supportere séier verschwonnen.

Den Donald Trump probéiert de Prozess als Hexejuegd géint hien ze inzenéieren

Si gleewen dem Trump, wann hie seet, datt de ganze Prozess eng politesch Hexejuegd géint hie wier. De 5. November kënnt dat richtegt Urteel, sot den Trump direkt nom laangen Dag viru Geriicht. De 5. November, do gëtt den nächste President an den USA gewielt. Den Joe Biden, dem Trump säi Géigner an där Course, ass un allem Schold, seet de Republikaner.

D'Strof gëtt den 11. Juli kommunizéiert

Den Donald Trump wëllt an Appell goen. Mee dat kann hien eréischt, nodeems de Riichter den 11. Juli matdeelt, wat dem Donald Trump seng Strof wäert sinn. Bis dohi wäert hie weider Walkampf maachen. Och eng Prisongsstrof géif hien net dovun ofhale President ze ginn, esou dat amerikanescht Gesetz.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
International
Justiz
Politik