Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sylvie - Hold On Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger deen an Tirol mat Falschgeld bezuelt huet, riskéiert 5 Joer Prisong

Éisträichesch Police deelt mat

Lëtzebuerger deen an Tirol mat Falschgeld bezuelt huet, riskéiert 5 Joer Prisong

Den 32 Joer ale Mann hat de Sonndeg den Owend an engem Après-Ski-Lokal probéiert, mat gefälschte 50-Euro-Schäiner ze bezuelen. D’Fälschung wier der Caissière opgefall a si hätt direkt d’Police geruff.

auto_stories

1 min

Police Éisträich | © Bigstock / cherokee4
Police Éisträich (Foto: Bigstock / cherokee4)

De Lëtzebuerger gouf provisoresch festgeholl. De Parquet vun Innsbruck huet eng Perquisitioun a sengem Hebergement a vu sengem Auto ordonéiert. Dobäi goufe weider falsch Schäiner fonnt. Am Total goufe beim Lëtzebuerger 1.550 Euro Falschgeld vun der Police entdeckt, esou d’Pressespriecherin vun der Landespolizeidirektion Tirol, Julia Plank.

"Der 32-Jährige ist zur Tat geständig und bisher ist er unbescholten. Demnach hat dann die Staatsanwaltschaft Innsbruck die Anzeige auf freiem Fuss angeordnet."

De Lëtzebuerger misst no der Enquête mat enger Uklo an enger maximaler Fräiheetsstrof vu bis zu fënnef Joer rechnen, sou d‘Pressespriecherin virun.

Et kéim ëmmer erëm vir, datt Leit mat falsche Geldschäiner wéilte bezuelen, bewosst oder onbewosst, esou d’Bezirksinspektorin Julia Plank. Am Fall vum Lëtzebuerger, deen de Sonndeg zu Ischgl mat falsche 50er bezuele wollt, wier awer ganz kloer vun enger virsätzlecher Dot auszegoen, erkläert d’Spriecherin vun der Landespolizeidirektion Tirol.