search

/ Strof vun der CSSF ufanks méi héich

Géint d’Spuerkeess

|
headphones

1 min

Strof vun der CSSF ufanks méi héich

100,7-Informatiounen no, wollt d’CSSF an der Suite vun der Caritas-Affär der Spuerkeess am Ufank eng Strof vun 8,5 Milliounen Euro ginn. D'Bank huet et mat hirem Recours gracieux also fäerdeg bruecht, datt d'Héicht vun der Strof em 3,5 Milliounen Euro reduzéiert gouf.

headphones

1 min

Spuerkeess | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach
Spuerkeess (Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach)

Um Dënschdeg hat d’Spuerkeess an der Chamber gesot, déi initial Strof wier “wesentlech méi héich” wéi déi final fënnef Milliounen Euro gewiescht.

Enn Juli war déi definitiv Decisioun vun der CSSF annoncéiert ginn. D'BCEE muss ronn 5 Milliounen Euro un d'CSSF bezuelen. De Finanzregulateur hat nom Finanzbedruch bei der Caritas d'Prozedure vun den implizéierte Banke Spuerkeess a BGL iwwerpréift.

Bei der BCEE goufe systeemesch a systematesch Schwächte bei der Kontroll vun de Finanztransaktioune festgestallt.

Dës Informatioune goufe vu gutt informéierte Source confirméiert.