Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Membere vum Verwaltungsrot vun der CMCM wëlle President ofsetzen

Sträit bei CMCM

Membere vum Verwaltungsrot vun der CMCM wëlle President ofsetzen

Bei der CMCM sténken d’Lompen, well de President vum Verwaltungsrot André Heinen, seng zwee Vize-Presidenten an de Generalsekretär sollen ofgesat ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

“Verstänneg Leit setze sech ronderëm en Dësch, mee dat ass hei net geschitt.“ Sou huet de CMCM-President André Heinen am Nomëtteg am 100,7-Interview dorop reagéiert, datt hien, seng zwee Vize-Presidenten an de Generalsekretär vum Exekutivbüro vun der “Caisse médico-complémentaire mutualiste” sollen ofgesat ginn. Virun zwou Woche war en ageschriwwene Bréif erakomm, ënnerschriwwe vun aacht Membere vum Verwaltungsrot, mat der Fuerderung, e CA anzeberuffen. Zu den dräi Punkten um Ordre du jour hätten d’Ofsetze vum Bureau exécutif gehéiert an Neiwalen dovun, sou de CMCM-President.

Lauschterenplay_arrow

„Déi eenzeg gescheit Äntwert, déi ech dorop konnt ginn, dat war, dat do net anzeruffen, well ech gi jo net mäin eegent Standgeriicht aruffen, wou ech mech selwer käppen, erhänken an dann dono, wann ech dann net méi do sinn, mol nach net ka soen, firwat dat Ganzt geschitt ass.“

De President wëllt eng AG aberuffen

Hie wéisst bis elo net, firwat déi Leit sollten ofgesat ginn „ ausser dass et vläicht Muechtspillercher sinn“, sou den André Heinen.

Den André Heinen huet doropshin eng ausseruerdentlech Generalversammlung fir den Abrëll aberuff, wou den aktuellen Exekutivbüro soll of- an en neie gewielt ginn, nodeems awer mol Grënn dofir géife genannt ginn.

Scho méi laang Probleemer tëscht dem Direkter an dem Personal

Den Ufank vun de Problemer wier e Bréif vu virzejoert gewiescht, an deem de Gros vum Personal de Kapp vum Generaldirekter Fabio Secci gefuerdert hat, betount den André Heinen. Et hätt ee probéiert, dat iwwer eng Mediatioun ze léisen, déi mol nach net ofgeschloss wier. Et wier zejoert och eng aner Gouvernance festgehale ginn, fir d’CMCM besser opzestellen. Dozou huet gehéiert, datt d’Fra vum Generaldirekter, déi fir d’Ressources humaines zoustänneg war, duerch eng aner Persoun ersat gouf. Duerch de Fait, datt d’Fra mam Fabio Secci bestuet gouf, wier d’Personal nämlech “mal à l’aise” gewiescht. Donieft war de Generaldirekter duerch en Directiounscomité ersat ginn, spréch hie krut zwee Leit u seng Säit.

Déi aacht Leit, déi de Bureau exécutif ofsetze wëllen, solle sech gëschter Owend iwwregens gesinn an ënner anerem de Gilbert Goergen zum neie President ernannt hunn, sot den aktuelle President, deen am fréien Nomëtten awer offiziell nach näischt dovu wosst.

Lauschterenplay_arrow