Den Ausseminister Stéphane Séjourné huet preziséiert: D‘Presenz vu Buedemtruppen an der Ukrain kéint néideg gi wann een der Ukrain zum Beispill bei der Waffeproduktioun wéilt hëllefen, oder fir Minnen ewech ze huelen. An deem Fall géifen déi Truppen sech awer net aktiv um Krich bedeelegen.
Nom Macron senger Ausso sot de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden gëscht an der Chamber, Lëtzebuerg hätt den Ament net d’Intentioun Zaldoten an d’Ukrain ze schécken. Och d‘USA an aner europäesch Alliéierter hu sech géint d‘Mobiliséierung vu Buedemtruppen an der Ukrain ausgeschwat.