Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Primer - Feel The Way I Do

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stëmm vun der Strooss mécht nei Raimlechkeeten zu Hollerech op

Stëmm vun der Strooss

Stëmm vun der Strooss mécht nei Raimlechkeeten zu Hollerech op

Zënter datt d'Kiche vun der Stëmm vun der Strooss 2014 op Hollerech geplënnert ass, ass d‘Nofro staark geklommen. 2014 goufe ronn 40.000 Molzechten zerwéiert. 2024 waren et der 100.000. Fir deem Undrang nozekommen, gouf um Mëttwoch eng nei Raimlechkeet ageweit.

auto_stories

1 min

Geschriwwe vum Jimmy Bruch

Dobäi war och d'Groussherzoglech Koppel an d'Gesondheetsministesch Martine Deprez. D’Gebai, direkt nieft der Hollerecher Zoppekichen, kréie si fir déi nächst 10 Joer Gratis vun enger Privatpersoun zur Verfügung gestallt. Just d’Renovatiounskäschte vu ronn 300.000 Euro huet d’Stëmm vun der Strooss missen iwwer Done selwer finanzéieren.

Méi Plaz an eng däitlech besser Ambiance

200 Meterkaree huet d‘Lokalitéit, betount d‘Directrice Alexandra Oxacelay.

"E Rez-de-Chaussé wou d’Leit sech kënnen ausrouen. Si kënne bei de Coiffeur goen, bei den Dokter, bei de Veterinär, roueg bei d’Assistante sociale. Si kennen sech awer och aschreiwe kommen, fir all déi Servicer ze kréien déi mer ubidden."

Lauschterenplay_arrow

Am Restaurant wier et dofir ze enk ginn. Et wiere Konflikter entstanen. D'Raimlechkeete goufe schonn am Dezember opgemaach. Zënterhier hätt sech d'Ambiance däitlech verbessert.