Wéi de Mouvement Ecologique an engem Presseschreiwes matdeelt, hätte sech eng Rëtsch Membere bei der Ëmweltorganisatioun gemellt, déi esou Stickeren, déi no Reklamme froen, vun Onbekannten op hir Bréifboîte gepecht kritt hätten. Dobäi géif et sech net ëm déi Stickeren handelen, déi dës Woch vun der Post un all d’Stéit verdeelt goufen, präziséiert d’President vum Mouvement Ecologique, Blanche Weber.
"Et si ganz kloer anerer. Also dat hei leeft och schonn zanter dräi Wochen, wou mer dat matkritt hunn. Mir hu fir d‘éischt och een Ablack geduecht, fir selwer juristesch Schrëtt anzeleeden. Mee et ass éischter der Politik hir Roll, wéi um Mouvement, fir en Affekot ze bezuelen an eng Plainte géint Inconnu ze maachen. Et ass un der Politik ze reagéieren an ze soen, hei dat do geet net."
D’Fäll wieren iwwert d’ganzt Land verdeelt. Wien dofir verantwortlech ass, kéint si net soen, sou nach d’Blanche Weber. Si betount, datt et de Leit selwer iwwerlooss misst sinn, op si wëllen zukünfteg nach Reklammen an d’Boîte kréien oder net.