Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Steierverwaltung: Luc Schmit gëtt neien Interims-Direkter

Sich no definitiver Léisung geet virun

Steierverwaltung: Luc Schmit gëtt neien Interims-Direkter

De Luc Schmit gëtt vum 1. Januar un neien Direkter vun der Steierverwaltung. Dat am Interim. Doriwwer huet de Finanzminister Gilles Roth d‘Personal vun der Verwaltung en Donneschdeg bei enger Visitt informéiert, huet de Finanzministère matgedeelt.

auto_stories

1 min

De Luc Schmit iwwerhëlt, vun der aktueller Direktesch Pascale Toussing. Hiert Mandat war net verlängert ginn, obwuel si dat gefrot hat. Et leeft elo en Recrutementsprozess fir een neie Chef. Dëse Prozess gëtt vun engem Expertencomité begleet, esou de Finanzministère.

Déi nei Persoun un der Spëtzt misst derfir suergen, d‘Steierverwaltung ze moderniséieren an ze digitaliséieren,  a kucken, datt d‘Administratioun een oppent Ouer fir all Steierzueler huet.