Fir oppe Froen an der Caritas-Bedruchsaffär ze klären, hat d'Chamber am Oktober d'Asetze vun enger Spezialkommissioun decidéiert. An der Sitzung vu gëschter gouf et een Austausch mat de Vertrieder vu PwC Luxembourg.
Taina Bofferding: Et gouf ni ee Rettungsplang
Selbstverständlech hätten d'Deputéierten aus der Spezialkommissioun sech net un d'Bedingunge vu PwC gehalen, esou d'LSAP-Fraktiounscheffin a Rapportrice Taina Bofferding. D'Vertrieder vun der Berodungsentreprise haten am Virfeld ënner anerem verlaangt an der Chamber net op all Froe mussen ze äntweren.
"Si si jo elo schlussendlech komm. Dat wat een awer ëmmer erëm feststellt ass, dass et ni ee Plang gouf, d'Caritas ze retten. (...) An och si hu lo confirméiert, dass net dru geduecht ginn ass, d’Acteuren, dat heescht Bistum, Caritas zesumme mat der Regierung, mat de Banken un een Dësch ze setzen an ze kucken, ob hei nach aner Solutioune méiglech waren. Dat war net de Fall, dat hu si eis kloer gesot."
D'LSAP-Fraktioun verlaangt, datt ënner anerem och de fréiere Caritas-Generaldirekter Marc Crochet nach an der Kommissioun soll gehéiert ginn.
Charel Weiler: "Evident, datt net alles konnt geäntwert ginn"
Den neie President vun der Spezialkommissioun Caritas Charel Weiler schléisst net aus, datt weider Leit kënne geruff ginn. Beim Austausch mat de PwC-Vertrieder gëschter wiere vill Froe gestallt ginn, huet den CSV-Politiker no der Sitzung festgestallt.
"Datt net op alles konnt geäntwert ginn, dat schéngt mir och evident. Ech wëll ëmmer drop verweisen, datt mir keng Enquêtëkommissioun sinn. A si och op hire Secret professionnel sech och alt beruff hunn, wat verständlech ass."
Wien huet fir d'Servicer vu PwC bezuelt?
An der Sitzung vu gëschter hätt hien d'Fro gestallt, wie PwC fir hir Servicer bezilt, esou den ADR-Deputéierten Tom Weidig.
"Dorop wollte si mir net äntweren. An den Här Fayot huet och nach eng Kéier nogefrot, an do wollt hien och net äntweren. Dat heescht, dat ass schonn eng interessant Fro, wien dann elo d’Rechnung bezuelt huet, oder ob et Garantië gi sinn, fir déi Rechnung ze bezuelen."
D'Deputéiert aus der Spezialkommissioun Caritas hu muer um Mëttwoch een Austausch mat de Vertrieder vun der ASBL Hëllef um Terrain, déi Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl hat.
De leschte Summer war bekannt ginn, datt bei der kathoulescher ONG Caritas iwwer 60 Milliounen Euro detournéiert gi waren.