Radioen

On air

Moiesstudio  |  Alfie Jukes - Not Quite Gone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Steierverwaltung: Kee Retard wéinst de Pandemie-Joren

Steieren

Steierverwaltung: Kee Retard wéinst de Pandemie-Joren

D‘Steierverwaltung hätt an de Pandemie-Joren normal geschafft, an et wier kee Stau entstane wéinst Retarde bei der Behandlung vu Steierdossieren, esou d‘Direktesch vun der Steierverwaltung, Pascale Toussing, op eis Nofro hin.

auto_stories

1 min

Wat d‘Bezuelung vu Steieren ugeet seet si, bis elo hätten nëmme ronn een Drëttel vun de Betriber, an eppes méi wéi d'Hallschent vun de Stéit hir Steierdeklaratioune fir 2022 gemaach. Si hätten awer nach Zäit dofir bis den 31. Dezember. Dofir wier et nach ze fréi, eng Evaluatioun vum Steierjoer 2022 ze maachen.

D‘Delaie fir d‘Steiererklärunge ware wärend der Pandemie verlängert ginn.