De grénge Conseiller François Benoy, huet ënner anerem d‘Fro gestallt, wéi éierlech der Simone Beissel hir Entschëllegung gemengt war, a wéi de Schäfferot dozou steet:
"Déi Aussoen, mer och am 100,7 héieren hunn, ech zitéieren: ech entschëllege mech an ech maachen dat, well dat elo ugeholl gëtt, datt dat sou soll gemaach ginn. Dat huele mer wierklech als eppes Hallefhäerzeges, interpretéiere mir dat."
D‘Stater Buergermeeschterin Lydie Polfer huet dorop geäntwert, datt si der Simone Beissel gleeft, datt d'Entschëllegung éierlech gemengt wier.
"Ech kennen d'Madamm Beissel zanter ganz Laangen. Ech weess, datt heiansdo hirt Gemitt méi hëtzeg gëtt, mee ech weess, datt déi Entschëllegung, déi se gemaach huet ganz éierlech gemengt huet."