D‘Argumenter sinn dobäi déi selwecht bliwwen, wéi se lo scho wochelaang ënner anerem an der Chamber virbruecht goufen. Fir de François Benoy vun déi gréng géif et weder eng juristesch Basis, nach eng allgemeng Akzeptanz fir ee generellt Heescheverbuet ginn.
"Sämtlech Streetworker, sämtlech Sozialverbänn, de Mënscherechtscomité, d‘Kierch, all Mënsch seet, datt dat heiten eppes ass, wat net geet."
De Sujet wier och ënnert de Majoritéitsparteien DP an CSV ëmstridden, huet de Conseiller vun der Piratepartei Pascal Clement virbruecht.
"Déi eng vun iech hunn anscheinend decidéiert, sech net zum Theema ze äusseren. Villäicht fir net mat hirer reliéiser Iwwerzeegung a Konflikt ze geroden. Villäicht, well se soss géint déi parteiintern Meenung misste schwätzen."
Eng wackeleg juristesch Basis?
Ëmstridde war virun allem awer nees déi wackeleg base juridique op där d'Reglement soll stoen. Fir d‘Nathalie Oberweis vun Déi Lénk wier de code penal op deem Punkt awer kloer.
"A mir hunn do just d‘Gefill, datt de Schäfferot, spréch CSV-DP, hir ideologesch Phantasmen iwwert de Rechtsstaat stellen."
D‘Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet hir Linn verdeedegt: Déi juristesch Basis wier do, well de Legislateur den Artikel mam Heescheverbuet ni wollt ofschafen. Elo hätt een zwou Méiglechkeeten.
"Ma do ass eppes geschriwwe ginn, wat et net gëtt. Also ass et inapplicabel. Oder et ass een de bonne foi an da seet een: ma wat wollt hien? De Legislateur huet do eppes geschriwwen, mee dat ass ee Feeler. Ma wat wollt hien dann eigentlech?"
Si kéint och net acceptéieren, datt déi aktuell Majoritéit elo als déi mam kalen Häerz géingen duergestallt ginn. D‘Stad Lëtzebuerg hätt eng ganz breet Offer u sozialen Ulafplazen. D‘Motioun gouf duerno mat de Stëmme vun der Majoritéit ofgewisen.