Den Transport an den Tanktourismus sinn an der aktueller CO2-Bilanz déi Secteuren, wou et gréisser Potentialer gëtt, schreift de Statec. D’Erhéijung vun der Tax op de Sprit, grad ewéi d’Subventionéiere vun der Elektromobilitéit, misste bäibehale ginn.
An der Industrie kéint een d’Objektiver just erreechen, wann ee Waasserstoff iwwert een internationale Reseau kéint liwweren. Och am Wunnberäich ginn et technologesch Efforten, fir ewech ze komme vun der fossiller Energie.
Et misst massiv investéiert ginn: tëscht 2023 an 2030 wieren dat am Ganzen 8,4 Milliarden Euro déi vum Staat oder der Privatwirtschaft finanzéiert misste ginn. An engems ginn awer och d’Recette vum Tanktourismus erof. Bis 2030 bedeit dat fir déi ëffentlech Finanzen ee Käschtepunkt dee bei 1 Prozent vum PIB géif leien.