Radioen

On air

Spektrum  |  CRX - Mean To Be Cold

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De grousse Chantier um Zuchreseau am Süden gëtt 2027 fäerdeg

Entlaaschtung fir den Trafic

De grousse Chantier um Zuchreseau am Süden gëtt 2027 fäerdeg

Mam Bus amplaz vum Zuch vum Süde bis an d’Haaptstad, vill Pendler musse genervt op den Auto ëmklammen: D’Aarbechte fir Neibaustreck tëschent Beetebuerg an der Haaptstad suergen zanter knapp zwou Woche fir eng Rei Perturbatiounen am Trafic op de Stroossen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: CFL

Dat fir datt et an Zukunft méi einfach a méi bequeem soll si fir op där Streck mam ëffentlechen Transport ze fueren. Kuerz virun der Clôture vun de Chantieren a virum Congé collectif konnt d’Press déi verschidde Chantiere kucke goen.

Siwe Kilometer Zuchstreck mat zwou Bunne kommen op der Streck Beetebuerg-Lëtzebuerg dobäi. Dat soll hëllefen dee meeschtbefuerten Ofschnëtt vum Schinneverkéier ze entlaaschten. An Zukunft soll den Zuch da vu Beetebuerg iwwer den Houwald an d’Stad fueren. Dofir gëtt um Houwald d’Gare zu engem multimodale Point d’échange ausgebaut. Dat heescht: do kënnt en zweete Quai dobäi, d’Zuchstreck gëtt erneiert an Accèse fir Bus, Zuch an Tram gi geschafen. Wärend d’Aarbechten um Houwald fir viraussiichtlech 2026 solle fäerdeg ginn, dauert d’Finalisatioun mat der Neibaustreck bis 2027.

Den Zäitplang an d'Käschte leien am Kader

Fir de Moment géif alles no Zäitplang lafen, erkläert de Henri Werdel (Directeur Investissements Infrastrukture) vun der CFL. Och iwwer de Summer wäert weider geschafft ginn.

"Et gi jo och Corps de Métiers, déi net ënnert de Congé collectif falen. Zum Beispill kënne mir domat virufueren eis Héichspannungsanlagen op der Streck opzebauen."

Am Moment leien d’Käschte fir déi ganz Projete bei 407 Milliounen Euro. Dat wier am Kader vun deem, wat geplangt war. Well d'Aarbechten un de Bauindex gekoppelt sinn, kënne se awer nach evoluéieren.

Eng vun de gréisste Bowstring-Brécken an Europa

Besonnesch beandrockend op der Neibaustreck ass déi wäiss Bowstring-Bréck, déi iwwer d’A3 féiert. Zanter fënnef Joer lafen d'Bauaarbechten dofir. Ronn 40 Meter héich an 200 Meter laang ass déi nei Eisebunnsbréck mat hirem beandrockende Bou, an domat ass si eng vun deene gréisste Bowstring-Brécken vun dem Typ an Europa.

Net einfach fir un déi néideg Terrainen ze kommen

Esou e grousse Bauprojet bréngt natierlech Erausfuerderunge mat sech, erkläert den Henri Werdel. Ugefaangen domat, datt en Tracé muss fonnt ginn. An dësem Fall leeft dee laanscht d’A3. An da misst een un déi Terraine kommen, déi fir deen Tracé gebraucht ginn.

"Ech menge mir hu misse ronn 300 Parzelle fir de Staat ukafen, woubäi net bei 300 verschiddene Proprietären, mee ëmmerhin. An all Proprietär schwätzt anescht an de Verhandlungen, an dat brauch dann eben seng Zäit. Dat ass dann natierlech och eng Erausfuerderung."

Trafic aus Frankräich an aus dem Süde vum Land gi getrennt

Déi Erausfuerderunge solle sech awer no der Finalisatioun fir de Client lounen. Vun 2027 u gëtt et dann duebel souvill Verbindungsstrecken tëschent Beetebuerg an der Stad. Dat soll awer net deen eenzege Virdeel sinn. Den Trafic aus dem Minett erop iwwer den Houwald kéint an Zukunft nämlech dann och vum Trafic aus Frankräich an d'Stad getrennt ginn.

Sollt also op enger vun de Strecken eng Verspéidung sinn, dann iwwerdréit sech déi net méi op déi aner Streck, souwéi dat momentan nach de Fall ass. Bis et awer esou wäit ass, mussen 'Pendler nach mat Deviatiounen a Stéierungen am Trafic rechnen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
National
Ëmwelt