Dës nei Zuelen huet d’Mobilitéitsministerin Yuriko Backes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro genannt.
Bei der Theorie fir de Führerschäi goufen et 2024 13.640 Examen. Beim prakteschen Deel louch d’Zuel bei 18.243 Examen.
De Präis fir de Führerschäin klëmmt
Well am prakteschen Deel ronn all zweete Kandidat duerchfält, géif de Präis fir de Führerschäin klammen, esou d’Ministerin Yuriko Backes. D’Kandidaten missten nach eng Kéier Stonnen huelen an den Examen nach eng Kéier maachen.
“De Verkéier, deen ëmmer méi komplex gëtt, genee esou wéi d’Handhabung vum Auto, déi duerch déi sëllegen Assistenzsystemer déi an deene leschte Joren dobäi komm sinn, ëmmer méi komplex gi sinn, kënnen eng Erklärung fir dëse Phenomeen sinn.”
D’Käschte fir de Führerschäin wieren an de leschte Joren och duerch d’Inflatioun an déi méi héich Energiekäschten an d’Luucht gaangen, preziséiert d’Mobilitéitsministerin an hirer Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.
D’Ausbildung op engem Simulator wier net fir jiddereen eppes. Eng Rei Leit géifen de Simulator net verdroen an hinne géif schwindeleg am Simulator ginn, esou d’Yuriko Backes.