Radioen

On air

Fiasko Fest  |  S01E11: David Angel an Enrico Lunghi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marché vun den Elektroautoen: "Et geet ze lues"

Mobilitéit

Marché vun den Elektroautoen: "Et geet ze lues"

Bis 2030 sollen 49 Prozent vum Lëtzebuerger Fuerpark Elektrogefierer ginn. “Dat Zil wäert net erreecht ginn”, seet d’House of Automobile. “Dobäi leeft de Verkaf awer gutt", analyséiert de Philippe Mersch, President vun der FEDAMO, der Federatioun vun den Automobilsdistributeuren. Mee et geet ebe méi lues, wéi et misst.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Elektroauto | © picture alliance / Jochen Tack play_arrow
Foto: picture alliance / Jochen Tack

“Vläicht sinn d’Erwaardungen och einfach ze héich”, mengt de Philippe Mersch. De Wee bei den Elektroauto géif net mam Briecheise goen. Et misst een d’Leit iwwerzeegen.

Engersäits vun der Qualitéit vum Produit. "Déi ass gutt", seet de Philippe Mersch. Da missten d’Luedeinfrastrukturen an der Rei sinn. Do géif et happeren. Derbäi kéim, datt d’Präisser fir d’Elektroautoen haut nach ganz héich sinn. En plus géif et eng Onsécherheet ginn, wéi et mat de staatleche Primë weidergeet.

 Jo zum Elektroauto

D’Distributeure géifen hannert dem Elektroauto stoen. “Mir wëlle verkafen, wat mir vun den Autoskonstrukteuren dohinner gestallt kréien”, esou de Philippe Mersch. D’Elektroautoe wieren technologesch op engem attraktive Stand, mee och déi thermesch Autoe wieren “immens gutt”.

D’Akzeptanz par rapport zum Elektroauto wier nach net bei all Mënsch ukomm. Verschidde Leit hätten och einfach Angscht virun Neierungen.

De Philppe Mersch fënnt, datt de Ball bei der Regierung leit. Déi misst een neie System vun den Aiden definéieren a sollt och dozou iwwergoen, beim Kaf vun engem gebrauchten Elektroauto eng Primm ze ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt