Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ouni staatlech Hëllefe klammen d'Energiepräisser d'nächst Joer staark

Wirtschaft

Ouni staatlech Hëllefe klammen d'Energiepräisser d'nächst Joer staark

De Joresinflatiounstaux louch am Januar bei 3,4 Prozent, deelt de Statec mat. Am Dezember louch dësen Taux nach bei 3,5 Prozent. Wéinst de Wantersoldë goufen et de leschte Mount a verschidde Beräicher wéi bei Kleeder oder Schong staark Präisbaissen am Verglach mat Enn 2023. D’Präisser fir d’Pëtrolsprodukter sinn am Januar awer erëm liicht geklommen, notéiert de STATEC.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Illustratioun Inflatioun | © picture alliance / photothek | Ute Grabowsky play_arrow
Illustratioun Inflatioun (Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

D’Statistikverwaltung huet och nei Previsioune fir den Inflatiounstaux fir déi ganz Joren 2024 an 2025 verëffentlecht. Fir dëst Joer rechent de Statec mat engem Inflatiounstaux vun 2,2 Prozent, seet de Ferdy Adam.

„Dat ass eng Revisioun no ënne par rapport zur leschter Previsioun vum November, do ware mer bei 2,6 Prozent fir dëst Joer. D’nächst Joer hätte mir e Rebond, d’Inflatioun géif d’nächst Joer erëm unzéien op 3,3 Prozent.“

Energiepräisser géifen ouni Verlängerung vu Staatshëllefe staark klammen

Déi staatlech Mesurë fir d’Energiepräisser ze bremsen, hätten déi zwee lescht Joren dozou gefouert, datt d’Inflatioun hei am Land op engem méi niddregen Niveau wéi an der Eurozon louch, esou de STATEC.

Wann dës Mesuren net iwwert Enn 2024 eraus géife verlängert ginn, dann dierften d’Gas- a Stroumpräisser 2025 staark klammen, ëm 17 respektiv 60 Prozent. Jee no Zenario kéinten d’Präisser awer och méi oder manner staark an d’Luucht goen.

„Am Scénario bas hätte mer just eng Indextranche op deenen zwee Joer gekuckt, 2024 an 2025: déi géif dann am véierte Quartal 2024 erfalen an duerno 2025 keng méi. Am Scénario haut, wou mer da vill méi Hausse vun den Energiepräisser hätten (...), do hätte mer dräi Indextranchen, dat heescht eng 2024 an zwou 2025, am zweeten Trimester an am drëtten Trimester.“

Bei der Previsioun vun 3,3 Prozent Inflatioun fir 2025 wëllt de Ferdy Adam vum STATEC net vun engem neien Opflame vun der Inflatioun schwätzen, well dës Entwécklung op d’Enn vun der Energiepräisbrems zréck ze féiere wier. Hätten et dës staatlech Mesurë guer net ginn, da wieren tëschent 2022 an Enn 2024 siwen Indextranchen erfall.

Weider Previsioun: Leetzënse wäerten 2024 erofgoen

An och de Ferdy Adam vum STATEC rechent domat, datt déi Europäesch Zentralbank dëst Joer domat ufänkt d’Zënstauxen erëm erof ze setzen. Senger Aschätzung no, wäert dat sech op Mëtt vum Joer verschiben.

Lauschterenplay_arrow