Den definitiven Datum wäert eréischt am Fréijoer matgedeelt ginn. Eigentlech war den 1. Start scho fir 2020 virgesinn, huet awer wéinst der Covidpandemie a verschidde Schwieregkeete bei der Ausaarbechtung ëmmer nees missten no hanne verréckelt ginn.
Ënnert anerem solle mat der Trägerrakéit zukünfteg Satellitten an de Weltall bruecht ginn. D‘Ariane 6 soll déi europäesch Äntwert sinn op déi grouss Konkurrenz aus den USA vu Space X.