Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Starship vu Space X: Och den drëtten Test ass feelgeschloen

SpaceX

Starship vu Space X: Och den drëtten Test ass feelgeschloen

Och den drëtten Test vum Elon Musk senger Starship-Rakéit ass net gelongen. Dës Kéier ass d‘Rakéit zwar méi laang geflunn, wéi déi éischt zwou Kéieren. Si ass awer, wéi se zréck an d‘Äerd-Atmosphär agetrueden ass, zerstéiert ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Reginald Mathalone
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Reginald Mathalone)

Déi gréisst, jeemools gebaute Rakéit ass haut fir en drëtten Testvol vun der Weltraum-Gare vum Elon Musk senger Firma SpaceX, an Texas fortgeschoss ginn. Geplangt war, datt d‘Rakéit eng Stonn hätt sollen am Weltall bleiwen, an datt déi zwee Stécker duerno sollen um Mier solle landen.

Déi zwee éischt Versich waren all Kéier scho beim Start schif gaangen, well d'Rakéit explodéiert war.

SpaceX huet wëlles mat der Starship Astronauten op de Mound, an enges Daags op de Mars ze bréngen.