D’Reegele vum Stabilitéitspakt leeë fest, wéi ee Land seng Depensen, Defiziter a Scholden ze geréieren huet. Konkret gestridde gëtt ënner anerem doriwwer em wéi vill Prozent vu sengem PIB ee Land, dat sech héich verschëlt huet, misst seng Dette reduzéieren.
Frankräich wëll méiglechst vill Flexibilitéit - Däitschland pocht op kloer chiffréiert Reegelen. Wou steet Lëtzebuerg do?
"Jo mir stinn zu enger strikter europäescher Politik, och op europäeschem Plang"
Dat erkläert de Gilles Roth, Lëtzebuerger Finanzminister. De Penchant op déi däitsch Säit léisst sech eraushéieren.
D'Fro wéi wäit ee sech abréngt
Lëtzebuerg wier an enger méi confortabeler Positioun, well de Staat keng héich Scholden huet.
Et léich tëscht deenen zwee Länner, Däitschland a Frankräich déi haaptsächlech matenee streiden.
"D’Fro ass déi, wéi wäit datt een sech do am Detail abréngt, well mir net selwer concernéiert sinn, an do soen ech heiansdo, ass Bescheidenheet méi"
Lëtzebuerg bei Steierfroen géint Decisioune per Majoritéit
Frankräich an Däitschland setze sech iwwerdeems op EU-Niveau dofir an, datt Steierfroen an der EU net méi sollten eestëmmeg ma per Majoritéit decidéiert ginn. Do ass Lëtzebuerg dogéint, dat steet esou am Koalitiounsaccord an doru léisst de Minister keen Zweiwel.
"Do wou d’Interessie vu Lëtzebuerg um Spill stinn, do muss ech eise Bifdeck verdeedegen - aner Memberlänner maachen dat och. Dat heescht net, datt een den europäesche Gedanke vu vir eran niéiert."
Wat d’Reegele fir de Stabilitéitspakt ugeet kéint eng weider Reunioun vun de Finanzministeren an der Woch vru Chrëschtdag aberuff ginn.