arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staatsdefizit klëmmt d'nächst Joer op 408 Milliounen Euro

Staatsbudget

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Staatsdefizit klëmmt d'nächst Joer op 408 Milliounen Euro

De Finanzminister Gilles Roth huet d’Projete fir de Staatsbudget 2026 a fir d’Finanzprogrammatioun bis 2029 de Moien an der Chamber deposéiert a presentéiert.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Fir dat nächst Joer gëtt mat engem Defizit vu ronn 1,5 Milliarden Euro beim Zentralstaat gerechent a vu 408 Milliounen Euro beim Gesamtstaat. D’Ausgabe vum Staat sollen och 2026 weider méi staark klamme wéi d’Recetten. Bis d’Joer 2029 mat soll d’Staatsverschëldung bei all Kéier ronn 27 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung leien.

D’Käschte fir déi ëffentlech Schold, also fir d’Zënsen, solle vun dësem Joer op dat nächst Joer ëm ronn 74 Milliounen Euro klammen, op ronn 312 Milliounen Euro fir 2026. Donieft soll den Tresor d’Autorisatioun kréien, maximal sechs Milliarden Euro kënnen ze léinen. Dat kann een op de bal 700 Säite vum Budgetsprojet noliesen. De Finanzminister Gilles Roth huet nom Depot vun deem Projet an der Chamber erkläert.

"Jo mir wäerten och an Zukunft musse Sue léine goen. Fir déi zousätzlech Ausgabe fir eis Sécherheet. Fir de méi héijen Invest."

Ausgabe fir Verteidegung klamme staark

Déi "wesentlech Méi-Ausgaben" fir d’Verteidegung géifen ënner anerem dozou féieren, datt d’Gesamtausgabe vum Staat méi staark klammen, wéi d’Recetten, esou de Gilles Roth. Lëtzebuerg géif seng NATO-Engagementer respektéieren, huet de Finanzminister bestätegt.

"Eise Verdeedegungs-Effort geet 2026 op 2% vum nationale Räichtum. 5% bis 2035. Fir 2026, Stand haut, Ausgabe vun 1,3 Milliarden Euro. Ee Plus vun enger hallwer Milliard am Verglach mam Budget 2025."

D’CSV-DP-Regierung wëllt d’Ukrain d’nächst Joer mat 80 Milliounen Euro ënnerstëtzen. D’Depensë fir den Accueil an d’Ënnerbrénge vu Flüchtlingen hei am Land klammen op 243 Milliounen Euro, esou de Gilles Roth. D’Gesamtausgabe vum Staat sollen dat nächst Joer ëm 5,7 Prozent op 32,6 Milliarden Euro an d’Luucht goen. D’Recettë sollen ëm 4,9 Prozent op 31,1 Milliarden Euro klammen.

De Gilles Roth huet haut an der Chamber och ugekënnegt, datt et Changementer beim System vum “Chèque-service Accueil” solle ginn: D’Subventioun soll vu 6 op 7 Euro pro Stonn fir d’Betreiung eropgesat ginn. Den CO2-Steierkredit soll ëm 24 Euro an d’Luucht goen. A bei der Police sollen 2026 220 Postë bäikommen, huet de Finanzminister annoncéiert.

Regierung wëllt weider VEFA-Wunnraum opkafen

Iwwer zwou Milliarden Euro wëll d‘Regierung an den nächste véier Joer an d’Schafe vun abordabelem Wunnraum stiechen, eng vun den erkläerte Prioritéite vun der aktueller Regierung, an dat spigelt sech och am Budgetsprojet vum Finanzminister Gilles Roth erëm.

Dofir wëllt si weider op d‘VEFA-Opkafprogramm setzen, also dem Iwwerhuele vu Wunnengen en état futur d’achévement, fir d’Offer unzekierpen. Heifir géif och vill Geld an de Grapp geholl ginn, sou de Finanzminister Gilles Roth.

"Duerch de VEFA-Opkafprogramm vum Staat mat 480 Milliounen Euro iwwert véier Joer, Stand 30. September, goufen hei schonns 248 Wunnenge fir gutt 151 Milliounen Euro als VEFA aktéiert, donieft nach eemol d'Reservatiounsverträg fir ronn 155 Milliounen Euro an 237 Wunnengen, anerer sinn zousätzlech nach ënnerwee. Am Ganzen deemno 485 Wunnenge fir ronn 306 Milliounen Euro."

play_arrow Lauschteren