arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktivitéit um Immobiliemarché staark zougeholl

Am zweeten Trimester

|
headphones

1 min

Aktivitéit um Immobiliemarché staark zougeholl

D’Transaktiounen, also d’Venten an d’Offeren, hu sech quasi verduebelt. Bei den neigebauten Appartementer gëtt et esouguer eng Hausse vu 126 Prozent par rapport zum zweeten Trimester zejoert.

headphones

1 min

© Max Bauerfeind/Bigstock
(Foto: Max Bauerfeind/Bigstock)

Bei den alen Appartementer ass et eng Hausse vu 73 Prozent a bei den Haiser eng vu bal 94 Prozent. 

Dat deelen den Observatoire de l’habitat an de STATEC mat.

Och d’Präisser sinn erëm an d’Luucht gaangen: Ronn 4,5 Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Besonnesch den alen Haiser hunn d’Präisser zolidd ugezunn, do ass et eng Hausse vun iwwer siwe Prozent.