De Präisënnerscheed ass grouss, dat konnt ee sech erwaarden. Bei den Appartementer louchen zejoert d’Präisser um Meterkaree zu Lëtzebuerg bei ronn 9.700 Euro. An den Nopeschbundeslänner sinn et am Duerchschnëtt ronn 3.600 Euro um Meterkaree, an der Wallonie 2.700 Euro an der Lorraine 2.500 Euro.
Ënnerschiddlech Offer vun Immobilien
Bei den Haiser ass et dee selwechte Constat. De Meterkaree zu Lëtzebuerg kascht ronn 6.000 Euro, an der Wallonie ass et deen niddregste Präis mat 1.900 Euro um Meterkaree.
Mee och d’Offer un Immobilien ass ganz ënnerschiddlech. 60 Prozent vun den Offeren um Lëtzebuerger Immobiliemaart sinn Appartementer an den Nopeschregioune Wallonie, Lorraine, Saarland a Rheinlandpfalz stellen d’Appartementer just 40 Prozent vun den Offeren.
An der Grenzregioun dacks méi kleng Wunnengen
An den Nopeschregioune sinn d’Wunnengen dofir awer méi kleng ewéi déi zu Lëtzebuerg. Déi klengsten Unitéite fënnt een an der Lorraine, wou och d’Haiser meeschtens eng Surface hunn déi ënnert 130 Meterkaree läit. 91 Prozent vun den Offeren zu Lëtzebuerg betreffen Haiser déi méi grouss sinn.
Deemno sinn d’Immobilien an der Lorraine engersäits méi kleng an um Meterkaree méi bëlleg wéi an deenen anere Regiounen ëm Lëtzebuerg. An der Lorraine hunn déi meeschte Wunnengen allerdéngs eng méi schlecht Energieklass.