Op der Generalversammlung vun de Juegdsyndikater huet den Ëmweltminister déi grouss Prinzippie vum Gesetzesprojet erkläert. D’Membere vun der FSCL, der Federatioun vun de Juegdsyndikater, hu sech ganz zefridden doriwwer gewisen.
Zu Lëtzebuerg ginn et am Ganze 621 Juegdsyndikater, eigentlech muss dat ganzt Land vun esou engem Syndikat couvréiert ginn. Ass nämlech op enger Plaz, ob dat een urbane Raum ass oder net, ee Problem, da muss de Juegdsyndikat intervenéieren.
Finanziell Ënnerstëtzung vun de Syndikater
D’Zil muss et och sinn, datt d’Juegd effikass ass an de Wëldbestand esou erofdréckt, datt d’Schied, sief dat op de Felder oder och am Bësch, esou kleng wéi méiglech gehale ginn.
Déi 12 Moossnamen, déi den Ëmweltministère mam neie Gesetz geplangt huet, goufen och zesumme mat all den Acteure festgehalen, erkläert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.
"An Zukunft wäert Nuetsjuegd erlaabt sinn. An Zukunft wäert et och esou sinn, datt ee ka bezuelt kréien, wann ee Wëldschued am Bësch huet op senger Proprietéit, awer nëmme wann d'Ofschosspläng vun deem Jeeër, deen dat lount, och dann erfëllt gi sinn. Et wäerten natierlech och d'Syndikater gestäerkt ginn."
Déi géifen ee Minimum u Budget vun 1.000 Euro fir d'Sekretariater kréien, esou de Serge Wilmes.
"Eng Neierung, déi dann och wäert kommen, ass datt et an Zukunft dräi Optioune wäert ginn, fir kënnen e Juegdlous ze verginn als Syndikat. An zwar entweeder duerch d'Verlängerung vum Kontrakt, duerch d'Verlängstee, traditionell wéi och haut dat scho méiglech ass, an awer och duerch d'Presentatioun vun engem Dossier."
Bis elo goufen déi Lousen op enger Stee un dee verginn, deen déi héchsten Offer presentéiert huet. Eng Garantie, datt dee Jeeër seng Aarbecht gutt gemaach huet, gouf et keng. Dat ass schonn ee wichtege Punkt fir d’Juegdsyndikater.
Mesüre sollen der Natur hëllefen
Dat iewescht d’Zil ass et awer, datt de Bësch sech gutt entwéckelt, erkläert den Nic Etgen, President vun der Federatioun vun de Juegdsyndikater.
"Déi 12 Punkte sinn alleguer wichteg Punkte fir d'Problematik unzegoen. Déi Punkte betreffen elo net alleguer direkt d'Syndikater, mee si sinn alleguer wichteg fir dat Zil, datt mir ee Wëldbestand kréien, deen hëlleft, deen der Natur hëlleft, ze fonctionéieren."
Deen 12 Punkte Moossnamekatalog soll an dat neit Juegdgesetz integréiert ginn. Eng ganz Rëtsch un Organisatiounen hunn un deene Moossname geschafft an am Februar een Accord Cadre ënnerschriwwen, dorënner Ëmweltschutz-Organisatiounen, d’Jeeër, an d’Juegdsyndikater, grad wéi d’Gemengen an natierlech d’Natur an d’Bëschverwaltung, déi elo un engem Strang zéien.