arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asiatesch Runn: Déi sougenannte Primärnäschter stinn am Fokus

Ëmwelt

|
reading time

2 min

Asiatesch Runn: Déi sougenannte Primärnäschter stinn am Fokus

Bei der Bekämpfung vun der Asiatescher Runn soll de Fokus op de Primärnäschter vun der invasiver Aart leien. Dat sot d’Sonja Thill vum Ëmweltministère am 100,7 Interview. Primärnäschter si méi kleng Näschter, déi am Fréijoer entsti fir Kolonien opzebauen.

reading time

2 min

© picture alliance / Zoonar | Sebastian Czech
(Foto: picture alliance / Zoonar | Sebastian Czech)

Déi méi grouss Sekundärnäschter entstinn eréischt am Summer.

Gëschter hat d’Regierung e plan d’urgence publizéiert, dee soll hëllefen, déi Asiatesch Runn ze bekämpfen. Am Plang si Finanzhëllefe vu bis zu 300€ virgesinn, wann Näschter op privatem Terrain mussen erofgeholl ginn.

Am beschten ouni Bioziden

Dës Aarbechte mussen awer vun enger zertifiéierter Firma duerchgefouert ginn. Wann esou een Nascht ewech gemaach gëtt, sollten am beschten och keng Bioziden - also chemesch Produite - benotzt ginn, esou d’Sonja Thill vum Ëmweltministère.

"Et muss ëmmer individuell vun der Situatioun gekuckt ginn, déi um Privatterrain ass. Ëm wéi een Nascht - méi kleng, méi grouss - handelt et sech? Wou ass et ze fannen? An da muss dat den Operateur op der Plaz decidéieren. Et kann een net ëmmer op Biozide verzichten, mee et sollt een awer all aner Méiglechkeet fir d'éischt consideréieren."

Wann et net ouni Biozide géif goen, da wier et awer an der Rei, op déi zu Lëtzebuerg autoriséiert Bioziden zeréckzegräifen, esou nach d’Sonja Thill vum Ëmweltministère.

Bis ewell hätten eng zéng Entreprisen zu Lëtzebuerg déi néideg Zertifikatioun fir Näschter ewech ze maachen, huet si nach präziséiert. De ganze Käschtepunkt vun sou enger Interventioun géing bei klenge Näschter ënner 200 Euro leien. Jee no Gréisst vum Nascht kéint et awer och e gutt Stéck méi deier ginn.

Lauschtert hei de ganzen Interview mat der Sonja Thill