Der fréierer grénger Ëmweltministesch Joëlle Welfring no wier dat Zil vun 10 Prozent Gréngfläch an deene meeschte Gemenge souwisou schonn erreecht. Dobäi kéim, datt mam neien Deelbebauungsplang national geschützten Aarten net méi geschützt wären. Dorënner beispillsweis Kaweechelcher oder Salamanderen, esou d'Joëlle Welfring.
"Dat sinn zwee Elementer, déi mat deene Vereinfachungen agefouert wäerte ginn an déi zu Nettoverloschter wäerte féieren. An déi sollen opgefaange ginn duerch déi zousätzlech 10 Prozent Infrastruktur. Dat ass jo d'Logik gewiescht. Déi awer elo schonn erreecht sinn."
Fir si géif sech an der Haaptsaach eng Fro stellen.
"Wéi schätzt Der am Moment schonn d'Erreeche vun deenen 10 Prozent an? Ass dat wierklech eppes, wat eppes neies ass, wat dann een Inzentiv wier, wa mer esou wäit ewech dovu wieren? Mee dat ass net eis Aschätzung, an och net d'Aschätzung vun den experten aus dem Bausecteur, déi soen, si si schonn erreecht."
Wourop den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes geäntwert huet, dat wier d'Aschätzung vum Orde des architectes et ingénieurs. Esou een Zil vun 10 Prozent hätt et bis elo awer nach net ginn, esou de Minister.
An der nächster Kommissiounssëtzung kënnt et dann zu der Suite vun der Diskussioun iwwer d'Amendementer.