arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Imkerei am urbane Raum: D'Beie liwweren och an dicht bebaute Quartieren Hunneg

Weltbeiendag

|
reading time

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Imkerei am urbane Raum: D'Beie liwweren och an dicht bebaute Quartieren Hunneg

Wien un Hunnegbeien denkt, denkt dacks u wäit Gréngfläche mat Blummen, oder och e Bësch a vill Natur. Manner dogéint un enk Stroossen, vill Trafic, an dicht bebaute Quartieren. Ma och an esou engem Ëmfeld kann ee Beien ziichten an Hunneg maachen. Een dee weess wéi et geet ass den Hugo Zeler.

reading time

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Den Hugo Zeler | © Pit Beffort
Den Hugo Zeler (Foto: Pit Beffort)

Zënter elo siwe Joer këmmert den Hugo Zeler sech ëm Beievëlker am urbane Raum. Och um Findel betreit hie seng Beiestäck. 

"Il y a pas d’oeuf, donc je pense qu’elles ont changé la reine. Ce qui n’est pas une bonne nouvelle."

Schlecht Noriichten also fir den Hugo Zeler, bei der Visitt vun dësem Beievollek um Territoire vum Fluchhafen um Findel. Datt d’Beievëlker hir Kinnegin ëmbréngen a wiesselen, dat géif heiansdo virkommen erkläert den Hugo Zeler.

D'Beiesaison huet grad eréischt ugefaangen

An deem hei Fall wier och wuel net méi wéi dat geschitt. Wat méi schlëmm wier, wier wann d’Beievollek duerno ausschwäermt. Da géifen nämlech 60 Prozent vum Beievollek mat der neier Kinnegin verschwannen. An dat heescht, datt et an där Saison keen Hunneg gëtt.

"Normalement ça nous arrive vraiment pas beaucoup. Disons une année comme l’année dernière on a peut-être 5% de nos colonies qui ont essaimé."

Alles an allem géif et senge Beien den Ament awer gutt goen erzielt den Hugo Zeler a sengem wäissen Imkerkostüm. D’Beiesaison huet lo just ugefaangen. 

"Là c'est vraiment le début, on rentre dans le dur. C'est avril, mai, ça va, ça passe. Mais à partir de la première récolte jusqu'à la fin de la deuxième, là ça va être compliqué."

Déi éischt Recolte déi steet elo un. Den Hugo Zeler ass grad bei de Beie fir d’Récolte vum Dag dono ze preparéieren. D’Fréijoersrecolte wier ni esou gutt wéi déi am Summer seet hien. Allgemeng hätt hien awer e gutt Gefill fir dëst Joer. 

"Le temps était bon en début de saison, ce qui a permis aux colonies de se développer rapidement, donc maintenant on a vraiment des peuples assez solides et on sait qu'on n'aura pas à attendre qu'il y ait du développement."

Alles wat elo nach feele géif, wier d'Sonn.

Ënnerschiddlech Erausfuerderungen am urbane Raum 

Datt déi lescht Wochen net esou gutt Wieder war an hien dofir elo déi Saache muss opschaffen, déi hien an där Zäit net gemaach krut, wier Deel vum Beruff seet den Hugo Zeler. 

Als Imker am urbane Raum, hätt hien awer souwisou scho méi ze dinn wéi déi méi traditionell Imker um Land.

"C'est un peu ce travail de fourmis, de faire des récoltes, de monter dans un bâtiment, tout ça pour deux ruches, ce qui n'a pas beaucoup de sens quand on est un apiculteur au sens traditionnel du terme. On pose d'habitude 30, 40 ruches à côté d'un champ et on fait le miel comme ça. Chez nous, c'est vraiment très sélectif." 

Well hien d’Stäck op ville verschiddene Plaze stoen hätt a sech vill muss deplacéieren, wier et och gutt, datt hien nach zwee Mataarbechter hätt, déi him hëllefen. Obwuel een am ländleche Raum fir déi selwecht Unzuel u Beie wuel elleng géif eens ginn, esou nach den Hugo Zeler. 

Och hien hat eng Kéier als Hobbyimker am ländleche Raum ugefaangen, éier hien et och an der Stad probéiert huet.

"Dès que j'avais mis des ruches pour moi pour le plaisir dans la ville, j'avais vu qu'il y avait un intérêt des sociétés pour en avoir chez elles et faire leur miel à elles." 

De Leit deen Hunneg liwweren, dee virun der Dier entsteet

Mëttlerweil produzéiert den Hugo Zeler mat sengem Betrib Hunneg fir 40 verschidden Entreprisen uechtert d’ganzt Land. Dat géif et him erlaben vun der Hunnegproduktioun ze liewen. 

"Parce qu'on voulait proposer cette opportunité aux différentes entreprises de vraiment qu'elles puissent goûter leur miel à elles.

Dann hätt een nämlech d'Méiglechkeet op Hunneg zeréckzegräifen, dee just op 100 Meter entstane wier. 

"C'est vraiment un miel ultra local que les entreprises peuvent avoir pour elles." 

An den Hugo Zeler geet souguer nach e Schrëtt méi wäit. Hie géif Och den Ursprong vum Hunneg analyséieren. 

"C'est intéressant de pouvoir dire aux gens: Qu'est -ce qu'il y a dans votre miel? Pas juste "c'est du miel de printemps, c'est du miel d'été". Non, telle ou telle fleur a été butinée. Et cette démarche-là nous intéressait." 

Dat selwecht gelt och fir den Hunneg, deen hien a verschiddene Stater Quartiere produzéiert. Kee Quartier géif wéi en aanere schmaache, seet den Hugo Zeler. 

Imker schwärmt vun de Beiestäck um Fluchhafen

Datt den Hunneg aus de Staater Quartieren och duerch Ofgase belaascht géif ginn, kéint och duerchaus sinn, mengt hien. 

"Mais dans les campagnes, c'est pas pour autant qu'on est protégé de ces pollutions qui peuvent être d'ordre de pesticides ou des choses comme ça. C'est l'environnement dans lequel on vit, il faut faire avec. Et on se donne la peine justement d'analyser tout ça. Et c'est quand même plutôt des bonnes surprises qu'on a." 

Analysen ginn och vun de Beiestäck um Fluchhafe gemaach. Dat wier eng ganz speziell Plaz, erkläert den Hugo Zeler. Do wier een nämlech zur Hallschent am ländlechen an zur Hallschent am urbane Raum. 

"C'est très bien pour les abeilles qui peuvent se permettre d'aller sur des grandes cultures et s’épanouir là-dessus. Et puis quand il y en a plus, il y a quand même toujours ce petit fond qui reste. Pour nous, c'est sympa ces zones mixtes."

An d’Schwärme geréit den Hugo Zeler dann, wann et ëm den Hunneg vun de Beievëlker geet déi um Fluchafen doheem sinn. 

"Je suis assez attaché justement au miel qu'on fait ici, surtout l'été, parce que du côté du cimetière américain, il y a énormément de châtaignées. Et c'est peut-être le seul endroit à Luxembourg où on a une concentration de châtaignées qui n'est pas suffisante malheureusement pour faire du miel de châtaignées. Mais on le sent quand même dans ce miel."

Ofgesi vum Sécherheetscheck deen de Beruffsimker all Kéiers muss matmaache wann hien d’Beie besicht, géif sech awer am Verglach zu den anere Beiestäck awer net vill änneren.

play_arrow Lauschteren