Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - Wall Of Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland a Frankräich demonstréieren Zesummenhalt, trotz eenzelne Meenungsdivergenzen

Staatsvisitt an Däitschland

Däitschland a Frankräich demonstréieren Zesummenhalt, trotz eenzelne Meenungsdivergenzen

De Sonndeg ass de franséische President Emmanuel Macron zu Berlin gelant fir deen éischte franséische Staatsbesuch hei zënter 24 Joer. Zwou Woche virun der Europawal soll nach eemol den Zesummenhalt vum däitsch-franséischen Tandem ënnerstrach ginn - dat war a jéngster Vergaangenheet net ëmmer selbstverständlech.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Bernd von Jutrczenka

Scho kuerz no senger Arrivée de Sonndeg war den Emmanuel Macron mat sengem Homolog, dem Frank-Walter Steinmeier um Demokratiefest zu Berlin ënnerwee, wou de 75. Anniversaire vum däitsche Grondgesetz gefeiert gouf. Zwou Woche virun der Europawal, bei där de rietspopulistesche Rassemblement National a Frankräich wuel als Gewënner ervirgeet, wollt de President nach eemol rappelléieren, datt d’Demokratie keng Selbstverständlechkeet ass.

"Dans nos démocraties, nous nous sommes habitués à la démocratie et on a oublié que c'était un combat, trop souvent. On laisse les nationalistes et souvent les ennemis de la démocratie tirer toutes les dividendes de la démocratie et la critiquer de manière existentielle."

Ënnerschiddlech Standpunkten op verschiddene Froen

Och net selbstverständlech ass den däitsch-franséischen Tandem, dee scho mol besser Zäite gesinn huet. De Macron wëll eng méi protektionistesch Wirtschaft an Europa, de Kanzler Scholz awer déi däitsch Exportwirtschaft net schiedegen. Och bei de Waffeliwwerunge fir d’Ukrain ass ee sech net ëmmer eens ginn. An da war do nach dem Macron seng Ausso iwwer e méiglechen Asaz vun europäeschen Truppe géint Russland, wat an Däitschland op wéineg Verständnis gestouss war. De Macron huet awer ënnerstrach, datt de Krich an der Ukrain eng méi staark Zesummenaarbecht erfuerdert.

"Ceci suppose en quelque sorte un sursaut franco-allemand. Sursaut, nous l'avons eu les premiers jours de la guerre d'aggression, mais qui consite à aller encore plus loin."

Haut wäert de Macron zu Dresden eng Ried iwwer Europa halen, éier et muer op Münster an zum Schluss an d’Schlass Meseberg geet, wou den däitsch-franséische Regierungsrot wäert stattfannen.

Lauschterenplay_arrow

Commemoratioun fir Judden am Zweete Weltkrich

De franséische President Emmanuel Macron ass zënter dem Sonndeg zesumme mat senger Fra Brigitte Macron op Staatsvisitt an Däitschland beim däitsche President Frank-Walter Steinmeier. Haut de Moien hu béid Presidenten d’Holocaust-Denkmal an der Géigend vum Brandenburger Tor besicht.

Den Emmanuel Macron an de Frank-Walter Steinmeier hu Blummekränz an de Faarwe vun den Natiounen um Denkmal néier geluecht. Fir un déi 6 Millioune Judden ze erënneren, déi vun den Nationalsozialisten am Zweete Weltkrich ëmbruecht gi sinn. Zesumme mam Brigitte Macron an der Elke Büdenbender, dem Frank-Walter Steinmeier seng Fra, hu se nom Denkmal och nach de Musée besicht.

Béid Länner wëllen een Zeeche vun Eenegkeet setzen

De Mëtteg da geet et fir déi franséisch Presidentekoppel da weider op Dresden, wou den Emmanuel Macron eng Europa-Ried wäert hale virun de Frauenkirche.

Elo, zwou Woche virun den Europawalen, wéilt een en Zeeche vun der Eenegkeet setzen, esou de franséische President, grad an Zäite wou den Nationalismus an Europa wiisst. Et wier wichteg, dass d’Leit den 9. Juni fir d’Europawalen wiele ginn – an Däitschland beispillsweis louch d’Walbedeelegung bei de leschten Europawale bei ronn 61 Prozent.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europawalen
International
Politik a Gesellschaft