Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keir Starmer ass offiziell Premierminister

Groussbritannien

Keir Starmer ass offiziell Premierminister

De Labour-Chef Keir Starmer ass vum Kinnek Charles als neie Premier ernannt ginn. Seng nächst Etapp war d'Downing Street. Do huet hie seng éischt Ried als Premier vu Groussbritannien gehalen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

D‘Labourpartei vum Keir Starmer konnt 410 vun de 650 Setz gewannen. 

Rishi Sunak entschëllegt sech

No der Äerdrutschvictoire vun der Labourpartei, entschëllegt sech den demissionéierte Premier Rushi Sunak, dofir, datt hienn hien d'Erwaardunge vu senger Wieler:innen net erfëlle konnt.

An d'Parlament kennt awer och, déi éischte Kéier de Rietspopulist Nigel Farage – hie war joerzéngtelaang am Europaparlament, fir d‘Ukip Partei. Hie war eng vun de dreiwende Kräften hannert dem Brexit. An dat nationaalt Parlament hat hien et bis elo ni gepackt, obwuel dëst säin 8. Versuch elo war. 

A senger éischter Ried virum Regierungssëtz an der 10 Downing Street huet den neie Premier Keir Starmer en neien Ufank versprach. De Changement, deen d‘Leit sech gewënscht hätten, géif direkt ufänken, war säin Haaptmessage.