Déi Annonce kënnt grad an engem kriddelege Moment: de sozialistesche Premier Pedro Sanchez ass am gaang mam Puigdemont senger Partei iwwert eng Amnestie fir déi katalanesch Independantisten ze verhandelen.
Déi haten 2017 e Versuch gestart, fir Katalounien onofhängeg ze maachen. Doduerch haten si eng vun de schlëmmste politesche Kris a Spuenien ausgeléist.