Radioen

On air

Spektrum  |  Liam Benzvi - Other Guys (feat. Blood Orange)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spuenesch Wirtschaftsministesch Nadia Calviño gëtt nei Presidentin vun der EIB

Europäesch Investitiounsbank

Spuenesch Wirtschaftsministesch Nadia Calviño gëtt nei Presidentin vun der EIB

Déi spuenesch Wirtschaftsministesch Nadia Calviño gëtt nei Presidentin vun der Europäescher Investitiounsbank. Doriwwer sinn sech d‘Finanzministere vun de 27 EU-Memberlänner de Moien eens ginn.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Och Lëtzebuerg huet d‘Kandidatur vun der Spuenierin ënnerstëtzt. D‘Nadia Calviño wäert domat op den 1. Januar d‘Nofolleg vum Däitsche Werner Hoyer un der Spëtzt vun der Bank mat Sëtz hei am Land untrieden. Si gëtt déi éischte Fra op där Positioun. Hir Nominatioun muss nach formell confirméiert ginn.