Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Georges Mischo huet seng Prioritéiten am Beräich Sport virgestallt

Sport

De Georges Mischo huet seng Prioritéiten am Beräich Sport virgestallt

Ambitiéis, op d‘mannst an den Ukënnegungen, huet de Sportminister Georges Mischo seng Prioritéite fir déi nächst fënnef Joer presentéiert. Haaptzil ass dobäi eng qualitativ a quantitativ Verbesserung vun der Sportoffer, mee vill Konkretes war de Moien net ze héieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

De Sportminsiter Georges Mischo virun der Press | © Jacques Ganser play_arrow
De Sportminsiter Georges Mischo virun der Press (Foto: Jacques Ganser)

De Lëtzebuerger Sport huet eng ganz Rei vun Erausfuerderungen. Et feelt u qualifiéierte Sportsenseignanten an de Schoulen, op ville Plaze muss d’Infrastruktur ausgebaut oder moderniséiert, de Veräiner feelt et u Fräiwëlleger, déi sech engagéieren, fir nëmmen déi Punkten ze nennen. Bei de Benevolle wëll de Minister mat steierlechen Avantagen a mam congé sportif schaffen, fir d’Infrastruktur an d’Finanzéiere vun de Sportsfederatiounen mat Trainerstaff an administrativem Personal wëll de Minister och Budget fräi setzen.

„Also et wäerten sécher méi Suen elo am nächste Budget stoen fir eben d‘Veräiner an virun allem d‘Federatiounen ze stäerken.“

Eventuell Sportsproffen an d'Carrière vum Schoulmeeschter bréngen

Zum Réckgrat vum Lëtzebuerger Sport gehéiert awer och de Schoulsport. Datt hei musse Verbesserunge kommen, huet ënner anerem eng rezent Etüde gewisen, datt ganz vill Jugendlecher iwwergewiichteg sinn.

„Qualifizéiert Sportsproffen an eng Carrière ze bréngen vun engem Schoulmeeschter déi dann eventuell kéinten de Sportunterrecht iwwerhuelen, ass eng Iddi, déi scho laang do ass, déi ech net aus dem Kapp verluer hunn. Mee och am Lycée ass et wichteg, datt d‘Stonnenzuel, eventuell gehéicht gëtt, et ass een Dram deen ech hunn, den Educatiounsminister muss natierlech do matspillen.“

Weider administrativ Erausfuerderunge sinn den Ëmbau vum INS an eng Verwaltung mam Numm AINS, souwéi eng verbessert Zesummenaarbecht mat de Gemengen duerch de coordinateur sportif. Donieft soll nieft der Sportsektioun vun der Arméi och endlech eng zivil Sektioun geschafe gin. De Minister huet dann och ugekënnegt dat ee weider hannert dem Bau vun engem Sportsmusée zu Esch steet. An dat iwwerluecht gëtt, op ee de neie Stade de Luxembourg ëm 2000 Platzen z’erweideren.

Lauschterenplay_arrow